Mélusine Productions
Mélusine Productions | |
---|---|
Typ | Aktiegesellschaft (S.A.) |
Grënnungsdatum | 1998 |
Sëtz | Conter, Lëtzebuerg |
Generaldirekter | Stéphan Rœlants |
Branche | Filmindustrie |
Produit | Filmproduktioun |
Homepage | melusineproductions.com |
Mélusine Productions ass eng lëtzebuergesch Filmproduktiounsgesellschaft, déi op d'Produktioun vun Animatiounsfilmer a -serien spezialiséiert ass.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Firma gouf 1998 vum Belsch Stéphan Rœlants gegrënnt, dee virdru schonn den Animatiounsstudio Studio 352 gegrënnt hat.[1][2]
Nieft Kannerfilmer a -serien produzéiert Mélusine Productions och Animatiounsfilmer fir Erwuessener, wéi zum Beispill The Breadwinner (2017) a Les hirondelles de Kaboul (2019).[3]
D'Filmer a Serië vu Mélusine Productions hunn eng Rei Präisser gewonnen, dorënner de César du cinéma als beschten Animatiounsfilm fir Ernest & Celestine (2013). Dee Film, an och Song of the Sea (2014), The Breadwinner (2017) a Wolfwalkers (2020) ware fir den Oscar an der Kategorie "Beschten Animatiounslaangfilm" nominéiert.
Produktiounen (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]Filmer
[änneren | Quelltext änneren]- 2004: T'Choupie, le film
- 2009: Panique au village
- 2010: Vauban
- 2010: Allez raconte!
- 2012: Le jour des corneilles
- 2012: Ernest & Célestine
- 2014: The Weird Gang Project
- 2014: Song of the Sea
- 2014: Tante Hilda
- 2014: Ma Maman est en Amérique
- 2015: Les triples
- 2015: The Adventures of Young Marco Polo
- 2015: Extraordinary Tales
- 2016: Mullewapp - Eine schöne Schweinerei
- 2017: Richard the Stork
- 2017: Ethel & Ernest
- 2017: The Breadwinner
- 2018: Ernest et Célestine - La Collection
- 2019: Les hirondelles de Kaboul
- 2019: Zero Impunity
- 2019: Des bêtes et des sorcières)
- 2021: Wolfwalkers
- 2021: The Summit of the Gods
- 2021: The Prince's Voyage
- 2022: I fiori persi
- 2022: Ernest and Celestine, a Trip to Gibberitia
- 2023: Slocum
- 2023: Kensuke's Kingdom
Serien
[änneren | Quelltext änneren]- 2001: La famille Passiflore
- 2001: Les énigmes de Providence
- 2001: Liberty Kids
- 2005: Trollz
- 2007-2009: Nouky & Friends
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Fabrique d'images, eng aner lëtzebuergesch Filmgesellschaft, déi op Animatiounsfilmer spezialiséiert ass
- Lëscht vu lëtzebuergesche Filmer
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ republicain-lorrain.fr: Les Hirondelles de Kaboul : « Peu voulaient y mettre des ronds ! » vum Xavier Jacquillard (3. September 2019)
- ↑ Michel Delage: "De Public weess wat gutt ass, et muss een em just schéi Saache weisen" (6. September 2019)
- ↑ D'Filmer vu Mélusine Productions op der Websäit vum Lëtzebuerger Filmfong