Fabrique d'images
Fabrique d'images SA | |
---|---|
Typ | Aktiegesellschaft |
Grënnungsdatum | 2002 |
Sëtz | Déifferdeng, Lëtzebuerg |
Branche | Animatiounsfilmer |
Produit | Filmindustrie |
Homepage | fabrique-d-images.com |
Fabrique d'images ass eng lëtzebuergesch Firma déi Animatiounsfilmer produzéiert. Si gouf 2002 vun de Graphikdesignere Christine Parisse a Jean-Marie Musique gegrënnt.[1]
Struktur a Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Entreprise huet hiren eegene Studio mam Numm The Picture Factory mat 70 Persounen, déi 2D- an 3D-Antimatiounen erstellen. De Studio deckt eng ganz Rëtsch vun Aufgaben of, vum Design iwwer Storyboarding, d'Animatioun, de Compositing an de Schnëtt.
2013 huet sech dat franséische Verlagshaus Bayard & Milan an d'Kapital vu Fabrique d'images akaaft,[2] déi domat d'Rechter krut fir deenen hir Comicfigure fir de Fernsee ze adaptéieren, wéi zum Beispill d'Kannerserie ëm de Polo.[3] A Kooperatioun mat Bayard Jeunesse Animation produzéiert Fabrique d'images och Serien, Filmer an digital Medien.[4]
Produktiounen
[änneren | Quelltext änneren]Animatiounsfilmer (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- 2009: Bonobo
- 2015: Ooops! Noah is Gone... ("Ooops! Den Noah ass fort...")
- 2015: The Light Eater
- 2018: Luis and the Aliens ("Meng Kollegen aus dem All")
- 2019: Bayala: A Magical Adventure ("Bayala: D'Wonnerwelt vun den Elfen")
- 2020: Ooops! The Adventure Continues ("Ooops! Finny, wou bass de?")
- 2022: My Fairy Troublemaker
Animatiounsserien (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- 2010: Grenadine & Peppermint
- 2010: The Little Prince (Staffel 1 and 2)
- 2013: Robin Hood: Mischief in Sherwood
- 2014: Polo (Staffel 1 and 2)
- 2016: Bible, les récits fondateurs
- 2016: Ziggy and the Zoo Tram (Staffel 1)
- 2020: Henrietta
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Mélusine Productions, eng aner lëtzebuergesch Filmgesellschaft, déi op Animatiounsfilmer spezialiséiert ass
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Presentatioun op 1535.lu
- ↑ groupebayard.com: Notre histoire (gekuckt de 4. Juli 2022)
- ↑ chronicle.lu: Luxembourg's Fabrique d'images Presents Polo Cross-Media Case Study at Cartoon Digital Conference (4. Dezember 2015)
- ↑ Presseheft vum Film "Ooops! Die Arche ist weg..." (Däitschland)