Studio 352

Vu Wikipedia
Studio 352
Typ Aktiegesellschaft (S.A.)
Grënnungsdatum 1996 oder 1997
Sëtz Conter, Lëtzebuerg
Leedung Stephan Roelants
Mataarbechter ronn 40
Branche Filmindustrie
Produit Filmanimatioun
Homepage studio352lux.com

De Studio 352 ass e lëtzebuergeschen Animatiounsstudio. Et gouf 1997 vum Belsch Stéphan Rœlants gegrënnt an zielt eegenen Aussoen no zu den eelsten Animatiounsstudioen an Europa. D'Entreprise animéiert 2D an 3D Filmer a Serien.

Zu de Wierker, un deene Studio 352 matgeschafft huet, zielen d'Spillfilmer Ernest & Celestine (2013), Song of the Sea (2014) an The Breadwinner (2017), déi all fir den Oscar an der Kategorie "Beschten Animatiounslaangfilm" nominéiert.

Bei verschiddene Filmer, wéi D'Schatzritter an d'Geheimnis vum Melusina (2012) huet de Studio 352 nëmmen den animéierten Deel gemaach.

De Grënner Stephan Roelants huet och d'Filmproduktiounsgesellschaft Mélusine Productions gegrënnt, déi déi meescht Wierker produzéiert, déi de Studio 352 animéiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]