Op den Inhalt sprangen

Lino Galvão

Vu Wikipedia
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Lino Galvão (bis 1997: Lino Gomes), gebuer den 10. Juli 1961 zu Soure an der Zentralregioun vu Portugal, ass e Moler a Sculpteur. 1994 krut hien duerch Naturalisatioun d'Lëtzebuerger Nationalitéit.

Vun 1982 bis 1983 war hien op der École nationale des beaux-arts vun Nanzeg a vun 1983 bis 1987 op der École nationale des beaux-arts vu Paräis.

1987 gouf hien um Salon vum Cercle artistique de Luxembourg mam Prix d'encouragement aux jeunes artistes ausgezeechent.

Zanter 2005 huet hie säin Atelier zu Liewel an der Gemeng Biekerech.

Kuckt och

Um Spaweck