Loïc Juchem
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Loïc Juchem | |
---|---|
Gebuer | 1999 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Lycée Nic-Biever, Universitéit vu Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Televisiounsmoderateur, Radiosspeaker |
De Loïc Juchem, gebuer 1999, ass e lëtzebuergesche Radios- a Fernseesmoderateur.
Hien huet 2020 seng Première am Lycée Nic-Biever gemaach an huet duerno tëscht 2020 an 2024 e Studium als Schoulmeeschter op der Universitéit Lëtzebuerg zum Ofschloss gefouert[1].
Mat dräizéng Joer huet hie sech gemellt fir Speaker um Lokalradio Radio Belle Vallée ze ginn an huet dat e puer Joer gemaach. Mat 16 Joer krut hie fir d'éischt e Vakanzenjob bei RTL.[2] Ëm déi selwecht Zäit huet hien eng eege Sendung um klenge Privatfernseesender apart TV moderéiert.
Bei RTL schafft hien als Freelancer a presentéiert op der Tëlee ënner anerem d'Meteo, Informatiounen iwwer de Luxembourg Song Contest an den Eurovision Song Contest a mécht Liveschaltunge bei Evenementer. Donieft moderéiert hien och nach aner Evenementer baussent RTL.[2]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Profil op LinkedIn
- ↑ 2,0 2,1 spotify.com: #53 Loïc Juchem - The Show must go on!, Emissioun vum Podcast Ceci, Do You Love Me?