Op den Inhalt sprangen

apart TV

Vu Wikipedia
apart TV
Typ S.à.r.l.
Slogan Lifestyle, Business and Culture
Grënnungsdatum 2014
Sëtz Betteng op der Mess[1]
Lëtzebuerg
Generaldirekter Steve Nilles (Direkter)
Branche Medien
Produit Televisioun
RCS B200841
Homepage www.apart-tv.lu

apart TV ass e Lëtzebuerger Televisiounsprogramm, deen de 15. Januar 2015 op Sendung gaangen ass.[2],[3]

Geschicht a Contenu

[änneren | Quelltext änneren]

Am Abrëll 2014 huet de Regierungsrot der Produktiounfirma Pro Sound & Media vun de Bridder Sam a Steve Nilles vu Betteng op der Mess eng Konzessioun accordéiert. Si hate virdru scho Contenu produzéiert, ënner anerem "Jeunesse TV" an "Déifferdeng 03 Channel".[4],[5]

Ufanks gouf de Programm tëscht 18:00 an 23:00 diffuséiert a war just fir d'Cliente vun der Post iwwer där hire Service "Post TV" verfügbar. Zënterhier kréien en och d'Cliente vun Eltrona. Éischt Programmer waren d'Kannersendung mam "Noémie an dem Poppentheater Hoplabum" a Concerte vun der UGDA. Donieft gouf et vill Publicitéit; och méi kleng Geschäftsleit a Privatleit kënne sech Sendezäit op apart TV kafen.[5] De Jérôme Beck hat 2015 mat der Emissioun Beam Me Up! e Comeback an d'lëtzebuergesch Fernseezeen.[6]

Och eng Rei Gemenge weisen um Kanal eege Sendungen, dorënner d'Gemengen Dikrech a Stengefort.[7]

2024 krut d'Politiksendung Riicht eraus vun der fréierer Europadeputéiert Astrid Lulling vill Opmierksamkeet, well si mat hirer Invitée, der Stater Politikerin Simone Beissel, d'Heescheverbuet kontrovers diskutéiert hat, wat ënner anerem vum Centre pour l'égalité de traitement kritiséiert gouf.[8] No enger Enquête huet d'ALIA de Fraen "incitation à la haine" géint Sinti a Roma virgeworf, well se en Ënnerscheed tëscht rumäneschen a lëtzebuergeschen Heescherte gemaach hunn. Dowéinst krut apart TV e "Blâme" vun der ALIA.[9],[10]

Zënter 2017 ass apart TV Televisiounspartner vun der Fédération luxembourgeoise de handball an iwwerdréit wichteg Matcher.[11] 2024 goufe fir d'éischt och Matcher vun der FLF iwwerdroen.[12],[13]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Adress op Editus
  2. apart-tv.lu: About Us
  3. bce.lu: APART TV (gekuckt de 4. Januar 2025)
  4. gouvernement.lu: Résumé des travaux du 25 avril 2014 (25. Abrëll 2014)
  5. 5,0 5,1 wort.lu: Puppen, Orchester und Kommerz >(15. Januar 2015)
  6. autorenlexikon.lu: Jérôme Beck
  7. wort.lu: Das zeigen Luxemburgs Gemeinden auf ihren TV-Sendern vum Glenn Schwaller (6. Januar 2023)
  8. woxx.lu: Hate Speech: Noch Mitte oder schon rechts? vum Tessie Jakobs (14. Mäerz 2024)
  9. virgule.lu: L’autorité de surveillance des médias accuse deux femmes politiques d’«incitation à la haine» vum Florian Javel (23. August 2024)
  10. tageblatt.lu: BettelverbotNach umstrittenen Aussagen von Beissel und Lulling: Aufsichtsbehörde rügt Apart TV vum David Rock (23. August 2024)
  11. wort.lu: Ein Sportverband macht Fernsehen vum Laurent Schüssler (15. Februar 2017)
  12. wort.lu: apart TV passe à l‘attaque sur les terrains de foot vum Christophe Nadin (23. Juli 2024)
  13. wort.lu: Trotz Erfolgsstart: „apart TV“ kann (noch) nicht alle Fan-Wünsche erfüllen vum Yann Duarte (24. August 2024)