Lou Kreintz

Vu Wikipedia
Lou Kreintz
Gebuer 9. Dezember 1934
Lëtzebuerg
Gestuerwen onbekannt
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Académie de la Grande-Chaumière,
Akademie der Bildenden Künste München
Aktivitéit Moler

D'Marie-Lou (Lou) Kreintz, gebuer den 9. Dezember 1934 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen ?[1], war eng lëtzebuergesch Molerin[2].

D'Lou Kreintz war d'Duechter vum Händler Josy Kreintz an der Léonie Bertrang. Si huet op der Académie de la Grande-Chaumière beim Henri Goetz , an op Akademie der Bildenden Künste München, als Studentin vum Jean Deyrolle geléiert[3].

D'Lou Kreintz huet abstrakt Landschaften am Ueleg an am Pastell gemoolt[4]. Si huet hir Wierker e puermol ausgestallt, ënner anerem an den alljärleche Salone vum Cercle Artistique de Luxembourg (zanter 1954), an enger Ausstellung zesumme mat der Renée Arend an der Galerie La Cimaise de Luxembourg zu Paräis (1958)[5], a mam Roger Bertemes, Jean-Pierre Junius a Marie-Thérèse Kolbach an der Galerie d'Art Municipale zu Esch-Uelzecht (1962)[6]. Si hat Soloausstellungen an der Galerie Bruck (1964) an an der Galerie de Luxembourg (1983, 1986) an der Stad Lëtzebuerg.

Wierker vun hir goufen an d'Sammlunge vum Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht opgeholl.

Publikatioun[änneren | Quelltext änneren]

  • Léon N. Nilles (1985) Die von Seite 3. Mit Guaschen von M.-Lou Kreintz. Lëtzebuerg: RTL Editioun.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. ARTISTES MEMBRES DECEDES. www.cal.lu. Gekuckt de(n) 2023-03-16.
  2. Jos Welter, réd. (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Lëtzebuerg: Cercle artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0.
  3. Lambert Herr (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Lëtzebuerg: Éditions Saint-Paul. ISBN 2-87963-382-6. s. 177.
  4. Jean-Paul Raus, "Aspects de la plus jeune peinture au Luxembourg", d'Letzeburger Land, 19. September 1958.
  5. J.-P. R., "Nos artistes à Paris: Renée Arend et Lou Kreintz exposent", d'Letzeburger Land, 20. Juni 1958.
  6. "Vier junge Künstler der abstrakten Kunst stellen in Esch-Alzette aus", Luxemburger Wort, 15. Dezember 1962; "Vier Luxemburger Maler der abstrakten Kunst stellen aus", Luxemburger Wort, 21. Dezember 1962.