Louis Joseph Schlim
Ausgesinn
| Louis Joseph Schlim | |
|---|---|
| Gebuer |
3. Januar 1819 Lëtzebuerg |
| Gestuerwen |
21. Mee 1863 Paräis |
| Alter | 44 Joer |
| Aktivitéit | Botaniker |
|
| |
De Louis Joseph Schlim, gebuer den 3. Januar 1819 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 21. Mee 1863 zu Paräis, war e Planzesammler, Botaniker an Auermécher[1]. Hien hat d'Belsch Nationalitéit an huet an Nord- a Mëttelamerika geschafft[2][3].
Hie war den Hallefbrudder vum Botaniker Jean Linden[1].
D'Orchideegattung Schlimia huet hiren Numm zu Éiere vum Louis Joseph Schlim[2].
Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 http://www.ipni.org/ipni/idAuthorSearch.do?id=9127-1
- 1 2 Umberto Quattrocchi. CRC World Dictionary of Plant Names: Common Names, Scientific Names, Eponyms. Synonyms, and Etymology – S. 2416 – CRC Press, 1999
- ↑ Global Plants - Schlim, Louis Joseph (fl. 1841-1852)
