Op den Inhalt sprangen

Louis Joseph Zelle

Vu Wikipedia
Louis Joseph Zelle

De Louis Joseph Zelle (och: Ludwig-Joseph Zelle), gebuer den 8. Juni 1826 an der Stad Lëtzebuerg, an och do de 5. August 1899 gestuerwen, war e lëtzebuergesch-hollänneschen Auteur a Kapitän an der hollännescher Kolonialarméi.

Liewen a Karriär

[änneren | Quelltext änneren]

Louis Joseph Zelle goung vun 1839 bis 1841 an de Stater Kolléisch an huet dono bis 1848 an enger Stater Librairie geschafft.[1]

Vun 1848 u war hien Zaldot am 1. Jeeërbatailloun zu Iechternach, wou e Sergent-chef gouf.

1854 huet hie sech an der Hollännescher Kolonialarméi engagéiert, mat där hien op Batavia (haut: Jakarta) an der Kolonie Ostindien (haut: Indonesien) koum. Nodeems hien déi hollännesch Nationalitéit ugeholl hat, ass hien do d'hierarchesch Leeder eropgeklommen. Hie war do a Campagnen op der Insel Timor an, vun 1858 un, op Sumatra (1874 bis 1877 an der Provënz Aceh) aktiv. Nodeems hien an Europa zeréckkomm war fir sech z'erhuelen, gouf hien 1880 mat Éieren am Rang vun engem Kapitän entlooss.

De Louis Joseph Zelle war Member vun der historescher Sektioun vum Institut grand-ducal.

Hien ass 1899 un engem Schlag gestuerwen.

Den Zelle huet 1885 en Touristeguide vum M.A. Perk mam Titel Le Luxembourg pittoresque aus dem Hollänneschen iwwersat. 1895 huet hien zesumme mam Arthur Knaff eng chronologesch Dokumentatioun zu Die Blockade der Festung Luxemburg durch die Truppen der französischen Republik 1794-1795. publizéiert.

No senger Pensionéierung huet hien iwwer 5 Joer laang u senger dräibänneger Autobiographie Myn wedervaren ("Meng Erfarungen") geschriwwen. Doran zielt hie net just mat vill Detailer iwwer seng Erliefnesser, ma och iwwer de Kontext, an deem se geschitt sinn, a kommentéiert dës, heiansdo och kritesch. D'Lëtzebuerger Nationalbibliothéik huet dëst Manuskript digitaliséiert a mat Hëllef vum AI-Transkribus-Programm transkribéiere gelooss.[2]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Quell, wou net anescht uginn: Pierre Marson: "Louis Joseph Zelle" op autorenlexikon.lu (nogekuckt 29.08.2024).
  2. "National Library of Luxembourg publishes manuscript transcribed with AI technology for the first time." cenl.org, 27.08.2024.