Timor
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |

Foto aus dem Weltraum
D'Insel Timor ass mat 33.850 km² déi gréisst vun de Klenge Sunda-Inselen. Den Timor-Archipel, abegraff Roti, ass de gréissten Archipel vun den ëstleche Klenge Sunda-Inselen am Oste vum Indoneeseschen Archipel. Timor huet ongeféier dräi Milliounen Awunner.
Geographie[änneren | Quelltext änneren]
D' Insel ass bal 500 km laang, awer nëmmen 80 km breet an erstreckt sech a west-ëstlecher Richtung. Timor ass vun de Klenge Sundainseln, déi déi am wäitsten am Oste läit.
Timor ass politesch an zwee gedeelt:
- D'indoneesescht Westtimor (Timor Barat), dat zu der indoneesescher Provënz Nusa Tenggara Timur gehéiert, ass ongeféier 19.000 km² grouss an huet ronn zwou Milliounen Awunner. D'Haaptstad ass Kupang.
- D'Demokratesch Republik Osttimor (offiziell Timor-Leste), zu där och d'Enklave Oecussi-Ambeno déi un der Norwestküst vun Timor läit, an déi méi kleng Inselen Atauro a Jaco gehéieren, ass 15.007 km² grouss an huet ongeféier eng hallef Millioun Awunner. D'Haaptstad vun Osttimor ass Dili.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Timor – Biller, Videoen oder Audiodateien |