Louis V. Joseph vu Bourbon-Condé

Vu Wikipedia
Louis V. Joseph vu Bourbon-Condé
Gebuer 9. August 1736
Paräis
Gestuerwen 13. Mee 1818
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Politiker, Offizéier
Famill
Kanner Louis VI. Henri vu Bourbon-Condé

De Louis V. Joseph vu Bourbon-Condé, 8. Prënz vu Condé (1740), gebuer den 9. August 1736 zu Paräis a gestuerwen den 13. Mee 1818 zu Chantilly war e Prënz vum Blutt an den 8. Prënz vu Condé.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Louis V. Joseph war de Jong vum Louis IV. Henri vu Bourbon-Condé (1692-1740), Herzog Bourbon a 7. Prënz vu Condé, an der Caroline vun Hessen-Rheinfels-Rotenburg (1714-1741).

Nom Doud vu sengem Papp ass hien 1740 Groussmeeschter vu Frankräich ginn. 1758 gouf hien zum Lieutenant général des armées ernannt, a war am Siwejärege Krich dobäi, wou hie un de rare franséische Victoire vu Johannisberg a Grüningen bedeelegt war. Duerno huet hien d'Bourgogne administréiert.

Nodeem hien 1764 de Palais Bourbon ausbaue gelooss hat, huet hien den Hôtel de Condé zu Paräis verlooss, an huet en ofrappe gelooss, fir den aktuellen Théâtre de l'Odéon ze bauen. Hien huet ausserdeem d'Schlass vu Chantilly verschéinere gelooss.

Als Frënd vum Marquis de Sade war hie Pätter vun dësem sengem Jong Louis-Marie, deen an der Privatkapell vun der Famill Condé zu Chantilly gedeeft ginn ass.

1780 gouf de Louis V. Joseph vum Kinnek Louis XVI. zum Colonel général de l'Infanterie ernannt.

Obschonn hien de Ruff hat, zimmlech liberal ze sinn, war hien um Virowend vun der Franséischer Revolutioun géint d'Verdueblung vun der Stëmm vum Drëtte Stand. Hie war ee vun den éischten, déi Frankräich verlooss hunn, an ass nom Stuerm op d'Bastille an Holland an duerno weider op Turin emigréiert. Hien huet zu Worms eng Arméi organiséiert, wärend d'Bridder vum Kinnek hiren Haaptquartéier zu Koblenz haten.

D'Éisträicher an d'Preisen, déi d'Mouvementer vun den Emigrante kontrolléiere wollten, hunn hie vun de militäreschen Operatiounen am Joer 1792 ewechgehalen, an hien 1793 engem éisträichesche Generol ënnerstallt. D'Arméi vum Condé war 1794 a 1795 um Bord vum Rhäin stationéiert, duerno hunn England, Éisträich a Russland d'Kontroll an den Ënnerhalt iwwerholl.

Nom Traité vu Campo-Formio 1797 hu sech de Condé a seng Arméi an den Déngscht vum Zar vu Russland gestallt. D'Arméi gouf nom Traité vu Lunéville opgeléist. De Condé huet sech 1800 mat sengem Jong a Groussbritannien zeréckgezunn. Si hunn zu Wanstead logéiert, an hunn den Zeremoniell vum Ancien Régime oprecht erhalen. Vum Kinnek George III. krute si eng Pensioun vu 675 Livres. Vu London aus huet de Condé sengem Enkel, dem Herzog vun Enghien Instruktioune geschéckt, ouni ze bemierken, datt sech d'Zäite geännert hunn.

1814 ass hien zesumme mam Louis XVIII. nees a Frankräich zeréckkomm, wou hie seng Charge als Grand maître de la Maison du Roi nees opgeholl huet.

De Condé ass 1818 am Alter vun 82 Joer zu Chantilly gestuerwen.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Emigrantenarméi.

Famill[änneren | Quelltext änneren]

De Louis V. Joseph huet sech den 3. Mee 1753 zu Versailles mat der Charlotte vu Rohan (1737-1760) bestuet, der Duechter vum Charles vu Rohan, Prënz vu Soubise, Herzog vu Rohan (1715-1787), an zesummen hate si dräi Kanner:

  1. Louis Henri vu Bourbon (1756-1830),
  2. Marie vu Bourbon-Condé (17561759),
  3. Louise Adelaïde vu Bourbon (1757-1824), « Mlle de Condé », Äbtissin vu Remiremont, spéider vum Temple.

De Louis V. Joseph huet sech 1798 oder 1808 eng zweet Kéier bestuet, mat der Prinzessin Marie-Catherine vu Brignole (1737-1813), déi vum Prënz Honoré III. vu Monaco gescheet gi war.

Virgänger:
Louis IV. Henri
Prënz vu Condé

1740 - 1818
Nofollger:
Louis VI. Henri
Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Louis V. Joseph vu Bourbon-Condé – Biller, Videoen oder Audiodateien