Low Frequency Array

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Qsicon Ueberarbeiten.png Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediacritèrë fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
Antenneprototypen
LOFAR Statioun vum Leibniz-Institut fir Astrophysik Potsdam zu Bornim
LOFAR Héich-Band-Antenn am Thüringer Landesobservatoire

De Low Frequency Array (LOFAR) ass en Radiointerferometer, also eng Glidderung vu ville Radioteleskopen, deenen fir Signaler als en eenzegt Signal kombinéiert ginn. Fir mat LOFAR eng Wénkelopléisung vun enger Bousekonn a besser z'erreechen, geet eng Dimensioun iwwer d'Gréisst vun Holland net duer[1], dofir gouf beschloss, méi LOFAR-Statiounen iwwer den europäesche Kontinent ze verdeelen. D'Teleskop hat am Ament vu senger offizieller Anweiung vun der hollänescher Kinigin Beatrix den 12. Juni 2010 europawäit ronn 10000 Eenzelantennen, bis 2014 sinn der ongeféier 1000 derbäi komm. Déi detektéierbar Frequenzberäicher ëmfaassen 10–80 MHz an 110–240 MHz, ënner Ausspuerung vum UKW-Beräich, an deem an Europa keng radioastronomesch Miessunge méiglech sinn.

LOFAR ass e Kollektivprojet vun der hollänescher astronomescher Organisatioun ASTRON, den Universitéiten Amsterdam, Groningen, Leiden an Nimwegen souwéi enger däitscher Bedeelegung bestoend aus 12 Instituten, déi sech am German Long Wavelength Consortium (GLOW) zesummegeschloss hunn. Him gehéieren d'Leibniz-Institut fir Astrophysik Potsdam (AIP) mam OSRA, d'Max-Planck-Institut fir Radioastronomie (MPIfR) zu Bonn, d'Max-Planck-Institut fir Astrophysik (MPA) zu Garching, den Exzellenzcluster Universe München/Garching, den Thüringer Landesobservatoire zu Tautenburg, d'Jacobs-Universitéit Bremen souwéi d'Universitéiten Bielefeld, Bochum, Bonn, Hamburg, Köln a Würzburg un.[2] De Virschlag fir LOFAR koum 1997 vum George K. Miley. Zu de féierende Wëssenschaftler gehéiert och den Heino Falcke.

D'Statioune bestinn allkéiers aus 192 Eenzelantennen, a stinn op verschiddene Plazen an Holland, an Däitschland, a Frankräich beim Nançay-Radioteleskop, Groussbritannien a Schweden. Weider Statiounen a Polen, an Irland an a Finnland si geplangt. Am Fall vum LOFAR sinn déi Eenzelantennen ganz einfach gebaut Drotpyramiden déi mol net sou grouss wéi e Mënsch sinn – am Géigesaz zu fréieren Interferometer wéi dem Very Large Array an dem VLBI, bei deenen d'Eenzelkomponente grouss Parabolantenne sinn.

Den niddrege Präis vun den Antennen erméiglecht et, vill ntennen zur Dispositiounze stellen. D'Sammelfläch vum komplette Netzwierk ass haut op 50 Hektar bei enger Gréisst vu méi wéi 1000 Kilometer. Déi éischt hollännesch Prototyp-Statioun war 2006 bei Exloo an der Provënz Drente am Déngscht. Zanter 2014 sinn 38 Statiounen an Holland a Betrib. Den LOFAR, deen als dat gréisst Radiosteleskop vun der Welt, wäit Blécker an de Weltraum erméiglecht an Donnéeën aus der Zäit kuerz nom Urknall liwwere soll, ass am Juni 2010 ageweit ginn. Déi éischt däitsch Statioun gouf am November 2007 nieft dem 100-m-Radioteleskop Effelsberg a Betrib gehol. Fënnef weider Statiounen zu Unterweilenbach/Garching, Tautenburg (Thüringen), zu Bornim bei Potsdam, zu Jülich an zu Norderstedt bei Hamburg si bis 2014 derbäikomm. Jee eng Statioun gouf a Groussbritannien bei Chilbolton, a Frankräich um Terrain vum Nançay-Radioteleskop an a Schweden bei Onsala. Déi regulär Observatiounen hunn am Dezember 2012 ugefaangen.


Déi wëssenschaftlech Ziler vum LOFAR goufen a sechs internationale Key Science-Projeten entwéckelt, déi vun hollänneschen, däitschen a briteschen Instituter geleet ginn. Et soll no Signaler aus der Reioniséierungsepoch aus der Zäit ronn 1 Milliard Joer nom Urknall bei Frequenzen tëscht 120 an 200 MHz gesicht ginn. Kataloge vu Radioquellen bei fënnef Frequenzen sollen erstellt ginn. Weider Objete sinn Pulsare a Radiosignale vu kosmesche Stralungsdeelercher, déi an d'Äerdatmosphär andréngen. D'Max-Planck-Institut fir Radioastronomie zu Bonn féiert e „Key Science“-Projet zum Studium kosmescher Magnéitfelder. D'Leibniz-Institut fir Astrophysik Potsdam huet d'Leedung vum Key-Science-Projet fir d'Miessung vun der Radiostralung vun der Sonn iwwerhol.

Nieft physikaleschen Usiichten iwwer Galaxien, Quasare an der Matière aus der fréiester Zäit vum Universum verspriechen sech d'Bedreiwer Usiichten driwwer, wéi e kommend, méi leeschtungsfäegt Internet beschafe soll sinn. Ausserdeem ass LOFAR e Virleeferteleskop vum geplangten Square Kilometre Array[3], e Radioteleskop mat engem Quadratkilometer Sammelfläch, dat vun 2017 un als weltwäit Zesummenaarbechtsprojet an Australien an a Südafrika gebaut a vun 2020 vu ronn 70 MHz bis op d'mannst 10 GHz schaffe soll.

D'Array soll an Holland och fir aner Zwecker benotzt ginn. Zum Beispill kënnten d'Anlagen mat Wandsensoren ausgebaut ginn, fir mat de gewonnenen Daten ganz prezis Wandviraussoen treffen ze kënnen. Dat ass beispillsweis fir Wandparken vu Bedeitung. Weiderhi kënnen un den Antennen seismesch Sensoren ugeschloss ginn, sou datt och exakt Miessunge seismescher Aktivitéit méiglech sinn.

Déi éischt däitsch LOFAR-Statioun bei Bad Münstereifel – Effelsberg mat engem Duerchmiesser vu 60 Meter, mat 96 Dipol-Antennen. Am Hannergrond ass den 100-m-Radioteleskop Effelsberg ze gesinn. Béid Instrumenter gi vum Max-Planck-Institut fir Radioastronomie zu Bonn bedriwwen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: LOFAR – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. LOFAR – e neit Radioteleskop an Däitschland [1] www3.uni-bonn.de Presseaussendung 2006
  2. Long Wavelength Consortium (GLOW)[2] www.glowconsortium.de About GLOW
  3. Square Kilometre Array (SKA)