Thüringer Landesobservatoire
|
| |
| Typ | Astronomeschen Observatoire, Organisatioun |
|---|---|
| Bedreiwer | Akademie der Wissenschaften der DDR |
| MPC-Code | 033 |
| Datum vum Bau | 1960 |
| Websäit | http://www.tls-tautenburg.de/TLS |
| Instrumenter | |
| Geographesch Situatioun | |
| Land | Däitschland |
| Regioun/Gemeng | Tautenburg |
| Koordinaten | 50°58'48,4"N, 11°42'40,3"O |
| Héicht | 341 m |
|
| |


Den Thüringer Landesobservatoire Tautenburg ass en Observatoire am Tautenburger Wald a Thüringen.
Den Observatoire existéiert zanter 1960 als Institut vun der Däitscher Wëssenschaftsakademie vu Berlin an der Géigend vum Duerf Tautenburg. 1992 gouf aus dem Institut den Thüringer Landesobservatoire (TLS) Karl-Schwarzschild-Observatoire, eng Ariichtung vum ëffentleche Recht vum Fräistaat Thüringen.
Dat wichtegst astronomescht Observatiounsinstrument vum Observatoire ass den Alfred-Jensch-Teleskop, en 2-m-Spigelteleskop mat sphäreschem Haaptspigel, dee vun der Firma Carl Zeiss zu Jena gebaut gouf. Et ass de gréissten Teleskop op däitschem Buedem. E ka fir Astrofotografie och als Schmidt-Kamera benotzt ginn, de Bildwénkel ass dann 3,3° × 3,3°. Dobäi verklengert sech d'Apertur duerch d'Schmidt-Plack op 1,38 m; et ass dann de gréisste Schmidt-Teleskop weltwäit. Alternativ kann e mat voller 2-m-Apertur an enger Cassegrain-Spigelzesummesetzung bedriwwe ginn, als Pressmann-Camichel-Teleskop, de Bildwénkel läit da bei 10-20 Bousekonnen.
Den Observatoire hat de 5. Abrëll 2005 en Exoplanéit entdeckt, deen ëm de Stär HD 13189 kreest. Domat huet den Observatoire international seng Bedeitung confirméiert.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Thüringer Landesobservatoire – Biller, Videoen oder Audiodateien |
