Loyola de Palacio
| Loyola de Palacio | |
|---|---|
|
| |
| Gebuertsnumm | Ignacia de Loyola de Palacio del Valle de Lersundi |
| Gebuer |
16. September 1950 Madrid |
| Gestuerwen |
13. Dezember 2006 Madrid |
| Doudesursaach | Longekriibs |
| Nationalitéit | Spuenien |
| Educatioun | Universidad Complutense de Madrid |
| Aktivitéit | Politikerin, Affekotin |
| Partei | Partido Popular |
| Fonctioun | Europadeputéiert |
| Gielercher | Robert-Schuman-Medail, Grousskräiz vum Isabellauerden |
| Famill | |
| Geschwëster | Ana Palacio |
|
| |
D'Ignacia de Loyola de Palacio del Vallelersundi, gebuer de 16. September 1950 zu Madrid, a gestuerwen den 13. Dezember 2006 och do, war eng spuenesch Politikerin a vun 1999 bis 2004 Vizepresidentin a Kommissär fir Verkéier an Energie an der Europäescher Kommissioun ënner der Presidentschaft vum Romano Prodi.
D'de Palacio huet op der Universidad Complutense Madrid Droit studéiert a war jorelaang an der spuenescher Vollekspartei (Partido Popular) aktiv. Vun 1996 bis 1999 war se Ministesch fir Landwirtschaft, Fëscherei an Ernierung a Spuenien. 1999 gouf s'an d'Europäescht Parlament gewielt, kuerz drop awer zum Member vun der Europäescher Kommissioun (Kommissär) ernannt.
Der Loyola de Palacio hir Sëschter ass d'Ana de Palacio del Valle-Lersundi, déi aktuell Vizepresidentin vun der Weltbank a fréier spuenesch Ausseministesch.
