Luc Decker

Vu Wikipedia
Luc Decker
Gebuer 3. Mäerz 1977
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schwëmmer


De Luc Decker, gebuer den 3. Mäerz 1977, ass e fréiere lëtzebuergesche Schwëmmer an Olympionik[1], Auteur an Diplomat.

Hien huet Lëtzebuerg bei den Olympesche Summerspiller 2000 zu Sydney vertrueden.

No sengem Politik-Studium op der Universitéit Paris I Panthéon-Sorbonne (bis 2003) ass de Luc Decker 2005[2] an de Wirtschaftsministère schaffe gaangen. Hie war do Attaché de gouvernement 1er en rang an ë. a. zoustänneg fir d'Relatioune mat der Press. Haut (2018) ass hien Direkter vum Luxembourg Trade & Investment Office (LTIO) zu Shanghai, an och do Generalkonsul vu Lëtzebuerg[3].

Hien ass parteipolitesch an de Reie vun der LSAP aktiv. 2011 huet hie seng Master-Aarbecht vun 2003, iwwer d'Strukturéierung vun der politescher Landschaft am Lëtzebuerger Land, publizéiert.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • La structuration de l'espace politique luxembourgeois - Genèse et institutionnalisation des partis politiques ; Saarbrécken (Éditions universitaires européennes), 2011; ronn 140 Säiten; ISBN 978-613-1-54048-6

Palmarès als Schwëmmer[änneren | Quelltext änneren]

  • 3. Juni 2003 Lëtzebuerger Rekord am 200 m Papillon op Malta an der Zäit vu 02:04,80

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jérôme Quiqueret, Du consensus au conflit - La structuration de l'espace publique luxembourgeois ; in: Le Jeudi, Ausgab vum 6. Oktober 2011; S. 44.
  • tw, Neuerscheinung: "La structuration de l'espace politique luxembourgeois" von Luc Decker - Von der Entstehung eines Systems... ; in: Tageblatt, Ausgab vum 27. September 2011.
  • Jean Rhein, La genèse des partis politiques (I) ; in: Le Quotidien (Rubrique Luxemburgensia), Ausgab vum 29. September 2011.
  • Jean Rhein, Dans la recherche de l'autonomie (II) ; in: Le Quotidien (Rubrique Luxemburgensia), Ausgab vum 30. September 2011.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Portrait vum Luc Decker op sports-reference.com
  2. Direction Shanghai pour Luc Decker op paperjam.lu den 13. Mäerz 2013, fir d'lescht gekuckt de 25. November 2018
  3. Audience au Palais grand-ducal des directeurs du LTIO op monarchie.lu den 1. Juni 2018, fir d'lescht gekuckt de 25. November 2018