Lunarit

Vu Wikipedia
„Lunarit“: Anorthosit aus dem Descartes-Héichland

Lunarit (lat. luna, lunae f. Mound) gëtt d'Moundgestengs genannt, aus deem d'Rankbierger an d'Héichlänner ëm d'Moundmierer bestinn. De Lunarit besteet zum gréissten Deel aus SiO2-räichem Steen, ass awer och mat eppes Eisen, Titan an Néckel ugeräichert. Et gëtt ugeholl, datt et sech bei Lunarit ëm alkaliräicht Reschtschmëlzmaterial vum basalteschem Magma handelt.

D'Bezeechnung Lunarit fir dat, géintiwwer dem donkele Maregestengs, vergläichsweis saueren Terragestengs ass en onverbindlecht Konschtwuert vum amerikanesche Geolog Josiah Edward Spurr (18701950).

An Zesummenhank mat dem Lunabas, dem Moundgestengs vun den donkelen Déifflächen, riicht sech eng Modellvirstellung no dem ierdesche Bild vum Sial an Sima aus, wéi bei der zweestäckeger kontinentaler an ozeanescher Äerdkuuscht.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Kurd von Bülow: Die Mondlandschaften. Sterne und Weltraum, Taschenbuch 10. Bibliographisches Institut Mannheim 1969.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie