Moundgestengs

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Apollo-Prouf #60025, gesammelt vun Apollo 16-Astronauten an zur Zäit am National Museum of Natural History zu Washington D.C. ausgestallt.

Moundgestengs ass Gestengs, dat um Äerdmound entstanen ass. De Begrëff gëtt geneesou fir anert Material gebraucht, dat während der Erfuerschung vum Mound gesammelt gouf.

3,34 Milliarde Joer aalt Moundgestengs

Urspronk[änneren | Quelltext änneren]

Zur Zäit gëtt et dräi Quelle fir Moundgestengs op der Äerd:

  1. Steng déi d'amerikanesch Apollo-Missioune gesammelt hunn,
  2. Prouwen, déi vu sowjetesche Luna-Missioune matbruecht goufen a
  3. Steng, déi op natierlech Aart a Weis duerch Impakter aus der Uewerfläch vum Mound geschleidert goufen an als Meteoritten op d'Äerd gefall waren.
Den éischten nogewisene Moundmeteorit Allan Hills A81005 aus der Antarktis.

Während de sechs Apollomissioune goufen 2415 Prouwe mat engem Gewiicht vun 382 kg gesammelt, déi meescht dovu vun Apollo 15, 16 an 17. Déi dräi Luna-Sonden hu weider 326 g Material matbruecht. Méi wéi 90 Moundmeteoritte goufen bis 2006 op der Äerd fonnt, am Ganze méi wéi 30 kg Material.

Am Apollo-Programm gouf Moundgestengs mat verschiddenem Geschir gesammelt, inklusiv mat Hummer, Reech, Schëpp, Zaang an Äerdbuerer. Déi meescht Stécker goufe virum Asammele fotograféiert, fir hire Fondzoustand festzehalen. Si goufen an Tute verpaackt an koumen dann an e spezielle Container (Special Environmental Sample Container) fir se beim Réckfluch op d'Äerd viru Kontaminatiounen ze schützen.

E bëssi Moundstëbs gouf och vun engem Hasselblad-Mataarbechter gesammelt, deen d'Kameraen no den Apollo-Missioune gebotzt huet.

Mound-
Missioun
Matbruechte
Proufstécker
Apollo 11 22 kg
Apollo 12 34 kg
Apollo 14 43 kg
Apollo 15 77 kg
Apollo 16 95 kg
Apollo 17 111 kg
Luna 16 101 g
Luna 20 55 g
Luna 24 170 g

Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

Am Ganze gesi sinn déi um Mound gesammelt Steng ganz al am Verglach zu de Steng, déi op der Äerd fonnt ginn, wéi mat Hëllef vu radiometreschen Datéierungsmethode festgestallt konnt ginn. Souguer dat jéngst ass nach méi al wéi all Gestengs dat op der Äerd virkënnt. D'Altersspan reecht dobäi vun 3,2 Milliarde Joer fir d'Basalt-Prouwen aus de Maria bis zu 4,6 Milliarde Joer an den Terrae, et sinn also Steng aus enger ganz fréie Period vum Sonnesystem.

D'Steng hu Charakteristiken, déi de Steng op der Äerd gläichen, besonnesch wat de Gehalt u Sauerstoffisotopen ugeet. Allerdéngs fënnt een zimlech wéineg Eisen an de Moundsteng, a si sinn och aarm u volatilen Elementer wéi Kalium an Natrium, Waasser feelt komplett.

Am Moundgestengs goufen dräi nei Mineraler fonnt: Armalcolit, Tranquillityit a Pyroxferroit.

D'Altersbestëmmung vun ongeféier 50 opgeschmolte Gestengsprouwe vum Apollo-Programm 19691972 hu staark Hiweiser op eng Heefung vu groussen Aschléi viru 4 bis 3,8 Milliarde Joer („Grousst Bombardement“) erginn, wourop déi meescht Moundmierer entstane sinn.

Wäert[änneren | Quelltext änneren]

Moundgestengs, dat während der Erfuerschung vum Äerdmound gesammelt gouf, gëtt am Ament fir net bezuelbar ugesinn. 1993 goufen dräi kleng, vu Luna 16 matbruechte Fragmenter, déi 0,2 g gewien hunn, fir 442.500 Dollar verkaf. Am Joer 2002 gouf e Safe aus dem Lunar Sample Building geklaut, dee winzeg Stécker Material vum Mond a vum Mars hat. Dës Stécker goufen erëmfonnt an 2003 vun der NASA fir d'Geriichtsprozedur op e Wäert vun 1 Millioun Dollar fir 285 g Material geschat. Moundgestengs a Form vu Meteoritten gëtt ënner private Sammler dacks verkaf a getosch, allerdéngs och zu héije Präisser.

Lagerung[änneren | Quelltext änneren]

Genesis Rock, dee vun Apollo 15 matbruecht gouf.
Ënnersich vun enger Moundstengsprouf vun Apollo 17.
Orange Buedem, matbruecht vun Apollo 17.

D'Haaptlagerungsplaz vum Apollo-Moundgestengs ass de Lunar Sample Building am Lyndon B. Johnson Space Center zu Houston, Texas. No Aussoe vun der NASA ginn ongeféier 295 kg vun den ufängleche 382 kg Prouwen nach ëmmer onberéiert do versuergt. Aus Sécherheetsgrënn gëtt eng méi kleng Sammlung op der Brooks Air Force Base zu San Antonio, Texas séchergestallt. Déi meeschte Steng ginn a Stéckstoff séchergestallt, fir si viru Fiichtegkeet ze sécheren. Si gi nëmmen indirekt mat Spezialgeschirr ugepack.

No der leschter Apollo-Missioun (Apollo 17) goufe kleng Moundgestengs-Prouwen an Acrylglas gegoss. Zesumme mat der jeeweileger Nationalflag, déi vun den Apollo-Astronauten op de Mound a nees zréckbruecht gouf, goufen dës als „Goodwill Moon Rock“ bezeechent Prouwen un 135 verschidde Natioune verschenkt.[1] Mindestens eent vu dëse Stécker gouf spéider geklaut, verkaf an zréckfonnt. Verschidde kleng Stécker goufen op Sockele montéiert an u fréier Astronauten an aner verdéngschtvoll Persoune verschenkt.[2][3] Aner Prouwen kruten ausgewielt Museeë geschenkt, z. B. d'National Air and Space Museum, d'Kansas Cosmosphere and Space Center, an d'Besuchzentrum am Kennedy Space Center. Do ass et méiglech, „e Stéck Mound unzepaken“, et handelt sech allerdéngs a Wierklechkeet ëm e klengt Stéck Moundgestengs, dat an engem Pilier anzementéiert ass, deen an engem zougänglechen Tresorraum steet.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Isidore Adler: The analysis of extraterrestrial materials. Wiley New York 1986 ISBN 0-471-87880-4.
  • T. Kirsten: Isotopenanalysen an Mondproben. Naturwissenschaften, Volume 57, Number 5. Mee 1970 S.205-260 preview

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mondgestein – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]