Lyallia kerguelensis
Ausgesinn
| Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
e jonke Specimen | |
| Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
|---|---|
| Räich | Planzeräich |
| Ënnerräich | Tracheobionta |
| Ofdeelung | Bléieplanzen |
| Klass | Dikotyledonen |
| Ënnerklass | Rosopsida |
| Uerdnung | Caryophyllales |
| Famill | Montiaceae |
| Gattung | Lyallia |
| Wëssenschaftlechen Numm | |
| Lyallia kerguelensis | |
| Hook.f., 1847 | |
|
| |
D'Lyallia kerguelensis ass eng Bléieplanzenaart aus der mono- oder oligotypescher Gattung Lyallia an der Famill vun de Montiaceae. Se gouf 1847 vum brittesche Biolog Joseph Dalton Hooker beschriwwen[1].
D'Planz ass am subantarktesche Kerguelen-Archipel (Franséisch Süd- an Antarktisgebidder) endeemesch[2]. Si wiisst am Norde vum Archipel[3].
D'Lyallia kerguelensis ass ronn 15–45 cm héich a ronn 60–100 cm am Duerchmiesser. D'Blieder si gréng, déck gruppéiert. D'Blumme sinn einsam, ganz kleng, verstoppt bei de Blieder, hu keng Bléieblieder. D'Friichte si obovoid[3].
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Lyallia kerguelensis – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Archive copy Archivéiert den 18.04.2019. Gekuckt de 05.08.2018.
- ↑ http://www.catalogueoflife.org/annual-checklist/2014/details/species/id/16893536
- ↑ 3,0 3,1 Archive copy Archivéiert den 11.06.2018. Gekuckt den 11.06.2018.
