Mère Franziska
Ausgesinn
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Mère Franziska | |
|---|---|
| Gebuertsnumm | Anne Elisabeth Dufaing d'Aigrement |
| Gebuer |
21. Oktober 1804 Izel (Belsch) |
| Gestuerwen |
16. Juni 1880 Lëtzebuerg |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Educatioun | École privée Notre-Dame Sainte-Sophie |
| Aktivitéit | Nonn |
|
| |
D'Mère Franziska, gebuer den 21. Oktober 1804[1] zu Izel an der Provënz Lëtzebuerg als Anne Elisabeth Dufaing d'Aigrement, a gestuerwen de 16. Juni 1880 an der Stad Lëtzebuerg[2], war eng Nonn a Grënnerin vun der Congrégation des Franciscaines de la Miséricorde.
Hir Famill ass am Joer 1815 an d'Stad geplënnert. Vun 1817 bis 1821 war d'Elisabeth am Pensionat Sainte-Sophie, wou si sech zesumme mat der Mère Supérieure ëm aarm Leit gekëmmert huet[2].
D'Elisabeth ass de 15. Juni 1847 mat hirer Frëndin Louise Augustin an eng maison des pauvres an der Rue Saint-Ulric[3] agezunn. Deen Akt gëllt als d'Grënnung vun der Congregatioun.

An der Stad Lëtzebuerg ass eng Strooss no hir benannt: rue Mère Franziska (L-1548).
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Conseil National des Femmes du Luxembourg. Les rues au féminin. Édition 2015 Archivéiert den 01.02.2020. Gekuckt den 28.03.2020.
- 1 2 L'origine et le cheminement de notre Congrégation sont inséparablement liés à la vie d'Anne Elisabeth Dufaing d'Aigrement op cathol.lu. Opgeruff den 28. Mäerz 2020.
- ↑ Leyder, Annie-Marie (2012). Elisabeth Dufaing (1804-1880) et les débuts de la Congrégation des Franciscaines au Luxembourg. ons stad (100). Opgeruff den 28. Mäerz 2020.
