Maison des arts et des étudiants

Vu Wikipedia
Maison des arts et des étudiants
D'Maison des arts et des étudiants
Land Lëtzebuerg
Gemeng Esch-Uelzecht
Plaz Esch-Uelzecht,Belval
Koordinaten 49° 30’ 13.8’’ N
      05° 56’ 54.3’’ O
Architekt(en) Witry & Witry
Datum vum Bau 2013-2018

Maison des arts et des étudiants ass den Numm vun engem Gebai vun der Cité des sciences, de la recherche et de l'innovation op der sougenannter Héichuewenterrass am Universitéitsquartier um Belval, zu Esch-Uelzecht. Am Gebai si Strukture fir d'Studente vun der Uni Lëtzebuerg ënnerbruecht. An hinne kënnen Atelieren, Concerten, Opféierungen, Ausstellungen, Receptiounen a Fester ofgehale ginn, a Studentenorganisatioune kënnen doran hir Büroe hunn.[1] Wéinst de Concerten déi do ofgehale wäerte ginn, gëtt d'Gebai och nach „Mini-Rockhal” genannt.[2]

D'Gebai, dat südlech vun der Maison du savoir steet, huet eng markant polygon Form, déi no uewe méi breet ass wéi ënnen an, ausser der Entrée, keng siichtbar Ëffnungen an der heller, glater Fassad huet (ausser e puer Linnen, déi verschidde grouss Dräiecke bilden).

Um Rez-de-chaussée ass e Foyer an e 25 x 25 groussen an 12 m héije Sall, dee fir Evenementer, Concerten, asw. benotzt ka ginn. Uewenop si méi kleng Säll fir Seminairen, Studenteclibb, asw.[3]

D'Form vun der Maison des arts et des étudiants kontrastéiert mat der Maison du nombre déi just niewendrun, mat streng rechtwénkeleg an L-Form, gebaut gouf. Wann d'Maison des arts et des étudiants sech sou ausbreede sollt, datt et fir d'Maison du nombre ze enk géif, da kritt déi en eegent Gebai an der Noperschaft gebaut.

Architekt war de Büro Witry & Witry.

De 15. Mäerz 2013 gouf a Presenz vun de Ministere François Biltgen, Octavie Modert a Marco Schank de Grondstee geluecht[4] an den 11. Juli 2018 gouf et offiziell a Betrib geholl[5].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Beschreiwung an Illustratioune vum Gebai op gouvernement.lu (gekuckt 2013-04-02).
  2. na, 2016. "Mini-Rockhal " läßt Hüllen fallen. Luxemburger Wort vum 20. Dezember 2016, S. 22.
  3. ["La Maison du Nombre et la Maison des Arts et des Etudiants." magazine, le périodique du fonds belval Nr.2/2013, S. 11-13.
  4. "Spatenstich für neue Uni-Gebäude in Belval." wort.lu, 15.03.13, 13:31.
  5. "La Maison du Nombre, des Arts et des Etudiants a été officiellement inaugurée." RTL.lu - jeudi 12 juillet 2018.