Marc Thewes
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Affekot Marc Thewes. Fir de Cyclist Marco Thewes, kuckt wgl. Marco Thewes. |
Marc Thewes | |
---|---|
Gebuer | 21. Februar 1967 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Universitéit vu Léiwen, London School of Economics |
Aktivitéit | Affekot |
De Marc Thewes, gebuer den 21. Februar 1967, ass e lëtzebuergeschen Affekot a Member vum Staatsrot.[1]
De Marc Thewes ass en Affekot deen am Contentieux spezialiséiert ass. Hien huet op der Kathoulescher Universitéit zu Léiwen op der London School of Economics studéiert. Hien ass zënter 1991 um Lëtzebuerger Barreau ageschriwwen an huet 1995 huet zesumme mam Pierre Reuter de Cabinet Thewes et Reuter gegrënnt[2].
Hien ass och um wëssenschaftlechen a redaktionellen Terrain aktiv a war ë. a. ee vun de Grënner vun den Annales du droit luxembourgeois, de Chefredakter vum Journal des tribunaux a Member vum Redaktiounscomité vum Bulletin d'information sur la jurisprudence dee vu Membere vum Jonke Barreau publizéiert gëtt.[3]
Dem Marc Thewes seng politesch Karriär huet um Enn vun den 1980er ugefaangen an ass Mëtt der 90er Joren abrupt op en Enn gaangen. Hie war an där Zäit Generalsekretär vun der Chrëschtlech-Sozialer Jugend an och Member am Nationalkommitee vun der Partei. Bei de Gemengewalen 1991 huet hien an der Stad Lëtzebuerg kandidéiert, gouf awer net gewielt. Hien huet sech duerno nees ganz op seng Affekotenaktivitéit konzentréiert.[3]
Nodeems et no de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 zu enger Koalitioun ouni d'CSV koum, ass de Marc Thewes gefrot ginn, fir d'Strategie vun der CSV z'iwwerschaffen.[3]
De 4. Februar 2015 ass de Marc Thewes Member vum Staatsrot ginn, als Nofollger vum Roger Molitor, deen Enn 2014 demissionéiert hat. Den 21. Mäerz 2024 ass hien du President vun där Institutioun ginn, als Nofollger vum Christophe Schiltz.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- Marc Thewes, La profession d'avocat au Grand-Duché de Luxembourg, Larcier, 2010, ISBN 9782804435738
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Marc Thewes – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
- ↑ (fr)Marc Thewes président du Conseil d’État. paperjam.lu (21.03.2024). Gekuckt de(n) 01.08.2024.
- ↑ 3,0 3,1 3,2 (fr)La résurrection politique de Marc Thewes. paperjam.lu (04.02.2015). Gekuckt de(n) 01.08.2024.