Margot Scheffold

Vu Wikipedia
Margot Scheffold
Pseudonym Margot Antony
Gebuer 31. Juli 1965
Bad Neustadt an der Saale
Educatioun Heinrich-Schliemann-Gymnasium,
Friedrich-Alexander-Universität,
Otto-Friedrich-Universität
Aktivitéit Schrëftsteller, Journalist

D'Margot Scheffold, gebuer den 31. Juli 1965 zu Bad Neustadt an der Saale, ass eng däitsch Autorin, déi zesumme mat hirem Mann, dem Lëtzebuerger Patrick Antony, eng Rei vu Joren am Grand-Duché gewunnt huet. D'Margot Scheffold, déi fréier ënner hirem Meederchersnumm geschriwwen huet, schreift och ënner dem Numm Margot Antony.

Hiert Abitur huet si zu Fürth am Heinrich–Schliemann-Gymnasium gemaach.

Op der Friedrich-Alexander-Universität Erlangen-Nürnberg huet si Neuere Deutsche Literaturwissenschaft, iberoromanesch Philologie an Islamwëssenschaft studéiert.

Duerno huet si zu Granada op der EUTI (Escuela Universitaria de Traductores e Intérpretes) den Diploma de Estudios Hispánicos gemaach.

Op der Otto-Friedrich-Universität Bamberg huet si Romanistik mat Schwéierpunkt Hispanistik ; Germanistik m. SP Literaturwissenschaft an Arabistik studéiert, an ofgeschloss mat dem Dr.phil.: Arabistik; Niewefächer: Hispanistik; Germanistik.

Déi promovéiert Journalistin huet jorelaang am spueneschen an am arabesche Sproochraum gelieft, a Spuenien, Argentinien an Egypten. Si schwätzt spuenesch, englesch, franséisch, arabesch, portugisesch a lëtzebuergesch.

D'Margot Scheffold war ënner anerem "Leitende Redaktorin" bei der Bayerescher Tëlee. Si huet wëssenschaftlech Bicher wéi Doppelte Heimat? an Authentisch arabisch und dennoch modern? geschriwwen, déi am Klaus Schwarz Verlag zu Berlin erauskoumen, a si huet am "Haus der Kulturen der Welt" zu Berlin an der Katalogredaktioun matgeschafft.

Si huet eng Rei vu Kannerbicher geschriwwen, wéi d'Serie Tierärztin Tilly Tierlieb am Baumhaus Verlag (9 Bänn, déi och als Audiobuch ëmgesat ginn), d'Lesepiraten Prinzessinnengeschichten an d'Lesepiraten Ostergeschichten am Loewe Verlag) an eng ganz Rëtsch vu Geschichten am SchneiderBuch Verlag: Kims Feuerwerk der Gefühle, d'Internate-Serie Die Geheimbücher der KessCatz an d'Serie mam Glücksengel Gwendolin.

E weidere Schwéierpunkt sinn hir Filmbicher, also d'Veraarbechtung vu Jugendfilmer a Romanform. (2008: Sommer, Originalform bei Schneiderbuch, Täschebuch bei Carlsen; 2009: Gangs, Original bei Schneiderbuch a 2010: Rock it!, de Roman zum éischten däitschen Teenie-Musical, och bei Schneiderbuch).

Bis elo[Wéini ?] hunn hir Bicher eng Oplo a mëttlerer sechsstelleger Héicht erreecht, virun allem hir Filmbicher. Sommer stoung z. B. am Fréijoer 2008 wochelaang op der Focus Bestsellerlëscht.

Och d'Tilly-Tierlieb-Bicher sinn elauter Bestseller. Hir Bicher sinn an eng Rei vu Sproochen iwwersat ginn, fir d'lescht op Italieenesch, Norwegesch, Hollännesch, Hebräesch a Chineesesch.

D'Margot Scheffold war ë. a. fräi Mataarbechterin beim Tageblatt, Rédactrice-en-chef beim Magazine Horesca Luxembourg a Kulturjournalistin fir de Lëtzebuerger Journal. Zanter 2012 ass si Redaktesch beim Grupp Oikopolis zu Mënsbech.