Op den Inhalt sprangen

Maria Montessori

Vu Wikipedia
Maria Montessori
Gebuer 31. August 1870
Chiaravalle
Gestuerwen 6. Mee 1952
Noordwijk
Nationalitéit Italien, Kinnekräich Italien
Educatioun Universitéit La Sapienza
Aktivitéit Dokter, Pedagog, Essayist
Famill
Kanner Mario Montessori

D' Maria Tecla Artemisia Montessori, gebuer den 31. August 1870 zu Chiaravalle, a gestuerwen de 6. Mee 1952 zu Noordwijk aan Zee, war eng italieenesch Doktesch, Reformpedagogin a Philosophin. Si huet d'Montessoripedagogik entwéckelt.

Famill a Kandheet

[änneren | Quelltext änneren]

Der Maria Montessori hir Famill huet zur gebilter Mëttelklass gehéiert. Hire Papp, den Alessandro Montessori[1] war Offizéier an huet och ë. a. am Finanzministère geschafft a war Comptabel vun Tubaksfabrécken. Hir Mamm war d'Renilde Stoppani.[2] De kathouleschen Theolog a Geolog Antonio Stoppani war hire Groussmonni. Deem seng Theorie vun der Verbindung tëscht Theologie an Naturwëssenschaften ass d'Basis-Iddi no där d'Maria Montessori hir Erzéiungsmethoden entwéckelt huet. D'Montessori huet sech scho wärend hirer Schoulzäit fir Naturwëssenschaften interesséiert an ass - géint d'Resistenz vun hirem konservative Papp - an e Lycée technique gaangen.

Nom Lycées-Ofschloss huet si probéiert fir Medezin ze studéieren. E Studium op Universitéite war fir Fraen an Italien zënter 1875 allgemeng méiglech. Si gouf awer vun der Uni verworf, well de Medezinstudium fir Männer reservéiert war. Dofir huet si am Ufank vun 1890 bis 1892 Naturwëssenschaften op der Universitéit vu Roum studéiert. No hirem éischten Universitéitsstudium huet si et dunn awer fäerdeg bruecht Medezin ze studéieren - als eng vun den éischte fënnef Fraen an Italien.[3] Wärend hirem Studium huet si sech besonnesch fir d'Embryologie an d'Evolutiounstheorie interesséiert. Hir Siicht vun der Wëssenschaft entsprécht dem Positivismus.

Wärend hire leschten zwee Studiumsjoren huet d'Montessori als Assistentin an enger psychiatrescher Klinik zu Roum geschafft. Si huet sech op Pediatrie spezialiséiert an huet hir Aarbecht als Doktesch-Assistentin am Departement Kanner-Psychiatrie vun der Universitéitsklinik zu Roum weiderverfollegt. Si huet sech besonnesch fir déi geeschteg behënnert Kanner interesséiert, déi do nëmme schlecht versuergt goufen. Si war sech zudéifst bewosst vum onerwaart vernoléissegten Zoustand an deem dës Kanner gelieft hunn an huet probéiert fir d'Situatioun ze verbesseren. Si koum op déi vergiesse Wierker vum Jean Itard a vum Edouard Séguin zeréck. Dem Seguin säi Léierbuch iwwer déi physiologesch Method[4] huet si op Italieenesch iwwersat. Wéi hir zwéi Virgänger, war d'Montessori iwwerzeegt datt d'Behandlung vun dësen "Imbécilen" oder "Idioten" kee medezinesche, mä e pedagogesche Problem wier. Si huet dofir gefuerdert, datt speziell Schoule fir déi betraffe Kanner sollte geschaf ginn.

Wëssenschaftlech Aarbecht

[änneren | Quelltext änneren]

Si huet hir Dokteraarbecht 1896 iwwer Antagonistesch Halluzinatiounen an der Psychiatrie geschriwwen. Dat selwecht Joer huet d'Montessori déi italieenesch Fraen um International Congress of Women's Aspirations zu Berlin vertrueden.

Si huet eng eege Praxis opgemaach. Domat hunn hir wichtegst Joren an der Fuerschung ugefaang. Bis 1907 huet si hir anthropologesch-biologesch Theorie entwéckelt a sech mat den neuropsychiatresche Grondlage beschäftegt, op deenen hir Pedagogik a praktesch Experimenter an de Kannerheemer baséiert hunn.

"Scuola magistrale ortofrenica"

[änneren | Quelltext änneren]

1899 krut si vum italieeneschen Educatiounsminister Guido Baccelli den Optrag fir zu Roum eng Rei Virträg virun Enseignanten iwwer d'Erzéiung vu geeschteg behënnerte Kanner ze halen. Aus dësem Cours ass d'Scuola magistrale ortofrenica entstanen, déi si fir zwee Joer als Directrice geleet huet. Wärend dëser Zäit huet si speziell didaktescht Material fir Sprooch- a Mathematikunterrecht entwéckelt.

Pädagogescht Institut zu Roum

[änneren | Quelltext änneren]

1901 huet d'Montessori den Institut verlooss an ugefaangen Anthropologie, Psychologie a Erzéiungs-Philosophie ze studéieren. Niewebäi huet si och vill Schoulen besicht an do anthropologesch Fuerschung gemaach. 1904 huet si Virträg iwwer Anthropologie a Pädagogik um Pädagogeschen Institut zu Roum gehalen.

Am Géigesaz zum wäit verbreete Glawen huet d'Maria Montessori de 6. Januar 1907 net déi sougenannte Casa dei Bambini ("Kannerheem"), eng Crèche fir geeschteg gesond Kanner aus sozial schwaache Familljen am réimeschen Aarbechter-Quartier vu San Lorenzo gegrënnt. Si gouf vun der Baufirma Istituto Romano di Beni Stabili (IRBS) zur wëssenschaftlecher Directrice ernannt. D’Montessori hat wëlles, dëser Ariichtung den Numm “Laboratoire fir d'Natur vum Kand ze studéieren” ze ginn.[5][6]

Ursprénglech sollten dës nëmmen an engem "Vollekshaus" ënnerbruecht ginn. Bei der Betreiung huet si d'Hëllefsmëttelen, déi si fir d’Fërderung vu geeschteg behënnerte Kanner entwéckelt hat, un d'Kanner vun den aarme Leit iwwerginn. D'Resultater waren esou gutt, datt se si "mat gréisstem Staunen an Onglawen gefëllt hunn", wéi si sech selwer am "Kanner sinn anescht" beschreift, a si huet hir Method Schrëtt fir Schrëtt entwéckelt. Eng Schlësselerfahrung aus dëser Zäit war hir Observatioun vun engem dräi Joer ale Meedchen, dat a senger Beschäftegung mat engem Baukasten net vun de massiivsten Oflenkungen gestéiert gouf. Deen Ausdrock vu konzentréierter Opmierksamkeet, deen d’Montessori bei dësem Kand observéiere konnt, huet si spéider als “Polarisatioun vun der Opmierksamkeet” bezeechent, an där hir experimentell Erfuerschung si e groussen Deel vun hirer spéiderer Aarbecht gestach huet.

Montessori Method

[änneren | Quelltext änneren]

Aus den Erfarungen, déi si an dëser Zäit gemaach huet, huet si d'Montessori-Method (Il metodo della pedagogia scientifica, éischt Versioun 1909, duerno stänneg erweidert, an L'autoeducazione, 1916) fir d'Erzéiung vun de Kanner entwéckelt, déi hautdesdags a ville Beräicher uechtert Welt populär ass. Nodeems d’Montessori den italieenesche faschistesche Leader Benito Mussolini kenne geléiert hat, gouf d'Montessori-Method 1924 an italieenesche Schoulen agefouert. Der Montessori hir Ausernanersetzung mat der faschistescher Regierung huet 1934 ugefaang, wéi de Regime ëmmer méi probéiert huet an déi alldeeglech Aarbecht an de Montessorischoulen anzegräifen, zum Beispill mat der Fuerderung fir Uniformen ze droen.[7] Nodeems d'Montessori-Erzéiung verbueden an d'Montessori-Akademie zu Roum 1936 zougemaach gouf, huet d’Maria Montessori 1939 Italien verlooss.[8]

Zäit an Indien

[änneren | Quelltext änneren]

1939 ass d'Maria Montessori op Invitatioun vun der Theosophical Society an Indien gereest fir Virträg an Trainingscoursen ze halen. Si gouf vun hirem Jong Mario begleet, deen hir Virträg op Englesch iwwersat huet. Nom Ausbroch vum Zweete Weltkrich goufen d'Montessoris vun de Britten als feindlech Auslänner internéiert.[9] Wärend dëser Zäit huet d'Maria Montessori eng Rei Trainingscoursen ofgehalen. Si huet Indien fir d'éischte Kéier 1946 verlooss a koum schlussendlech 1949 zeréck an Europa.[10]

Liewensowend an Holland

[änneren | Quelltext änneren]

Bis zum Enn vun hirem Liewen huet si hir Zäit an Holland verbruecht. De Sëtz vun der Association Montessori Internationale (AMI) an dem Nienhuis Verlag, deen nach ëmmer déi originell Montessori Materialien verkeeft, si bis haut do. Si gouf um kathoulesche Kierfecht zu Noordwijk begruewen. Op hirer op Italieenesch geschriwwener Epitaph steet: "Io prego i cari bambini che possono tutto di unirsi a me per la costruzione della pace negli uomini nel mondo". ("Ech bieden déi léif Kanner, déi alles kënnen, fir mat mir ze zesummen fir den Opbau vum Fridden tëscht de Leit an der Welt ze schaffen.")

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
  • nom Maria Montessori goufen uechtert Welt Kannerhaiser a Schoule benannt. Hei zu Lëtzebuerg sinn zur Zäit zwou Montessori-Schoulen aktiv, zu Stroossen[11] an zu Habscht.[12] Well den Numm "Montessori" weder agedroen nach protegéiert ass, kann e fir all méiglech Ariichtunge benotzt ginn.
  • a verschiddene Länner ass si op Timberen ze gesinn.
  • an Italien koum eng 200-Lire-Mënz (1980), en 1000-Lire-Schäin (1990-1998) an eng 2-Euro-Mënz (2020) mat hirem Prortrait eraus.
  • 1985 gouf e Venuskrater no hir genannt.[13]
  • den Time Magazine huet si 2020 op seng Lëscht vun den "100 Women of the Year" gesat.[14]
  • zu Jonglënster gouf eng Strooss no hir genannt.
  • Il metodo della pedagogia scientifica. 1909; 3. Aufl. 1926; neuer Titel: La scoperta del bambino. (1950; 7. Aufl. 1966).
    • Selbsttätige Erziehung im frühen Kindesalter. Digitalisat hrsg. auch unter dem Titel: Die Entdeckung des Kindes. (1969; 4. Aufl. 1974).
  • Antropologia pedagogica. 1910.
    • Pedagogical anthropology 1913 (Digitalisat bei archive.org)
    • Anthropologische Schriften II, Pädagogische Anthropologie, (Harald Ludwig, Herausgeber), Herder, Freiburg 2019, ISBN 978-3-451-32512-0.(Beleg).</ref>
  • Die Selbsterziehung des Kindes (= Die Lebensschule – Schriftenfolge des Bundes Entschiedener Schulreformer), Heft 12. 1923.
  • Dr. Montessoris own handbook. 1914 (Digitalisat bei archive.org)
  • L’autoeducazione nelle scuole elementari. 1916; 2. Aufl. 1940; Neuausg. 1962;
    • M.-Erziehung für Schulkinder. (1926); Schule des Kindes. Montessori-Erziehung in der Grundschule. 1976.
  • The child in the church. 1929; 2. Aufl. 1965;
    • Kinder, die in der Kirche leben. 1964.
  • Il segreto dell’infanzia. (1938, hrsg. 1950; 9. Aufl. 1966);
    • Kinder sind anders. 1952; 8. Aufl. 1967.
  • Formazione dell’Uomo. (1949; 5. Aufl. 1955);
    • Über die Bildung des Menschen. 1966.
  • The absorbent mind. 1949; ital.: La mente del bambino. 1952; 5. Aufl. 1966;
    • Das kreative Kind. Der absorbierende Geist. (1972).
  • L’Educazione e Pace. 1949; 1972;
    • Erziehung und Frieden. 1973.
  • De l’Enfant à l’Adolescent. 1948;
    • Von der Kindheit zur Jugend. 2. Aufl. 1973; textkritische und ergänzte Neuausg. im Rahmen der Gesammelten Werke Bd. 14, Herder, Freiburg i. Br. 2015
Commons: Maria Montessori – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Maria Montessori: Pedagogical anthropology. New York, Stokes, 1913 (archive.org):https://archive.org/details/pedagogicalanth00montgoog/page/n12/mode/2up?view=theater
  2. Maria Montessori: Pedagogical anthropology. New York, Stokes, 1913 (archive.org):https://archive.org/details/pedagogicalanth00montgoog/page/n12/mode/2up?view=theater
  3. Francesca Polistina: Die Pionierin und die Kinder. https://www.sueddeutsche.de/bildung/paedagogik-die-pionierin-und-die-kinder-1.5014337
  4. Edouard Séguin: Traitement moral, hygiène et éducation des idiots et des autres enfants arriérés. J.B. Baillière, Paris 1846.
  5. Renato Foschi: Science and culture around the Montessori's first “Children's Houses” in Rome (1907–1915). In: Journal of the History of the Behavioral Sciences. Band 44, Nr. 3, 2008, S. 238–257, doi:10.1002/jhbs.20313: https://onlinelibrary.wiley.com/doi/10.1002/jhbs.20313
  6. Marc Fabian Buck: Vorsicht Stufe! Zur Kritik von Entwicklungsmodellen des Menschen in der Pädagogik. Berlin 2016, S. 60, doi:10.18452/17436:https://edoc.hu-berlin.de/items/434d9655-047e-4f60-bebf-4ff148d9605f
  7. Ela Eckert:Maria und Mario Montessoris kosmische Erziehung in der Google-Buchsuche. Berlin/Hamburg/Münster 2007, S. 112.
  8. Stefan T. Hopmann: Wie faschistisch ist Montessori?, in: Die Furche: https://www.furche.at/gesellschaft-bildung/wie-faschistisch-ist-montessori-8339289
  9. Rita Kramer: Maria Montessori. Leben und Werk einer großen Frau. München 1977, S. 323f.
  10. Ela Eckert: Maria und Mario Montessoris Kosmische Erziehung: Vision und Konkretion. Berlin 2007, ISBN 978-3-8258-0242-4, S. 45ff (Montessori-Biographie von Rita Kramer zitierend)
  11. Maria Montessori Schule - Vorschule und Grundschule: https://www.ecole-montessori.lu/de/
  12. Ecole privée Montessori à Hobscheid / Luxembourg: https://www.ems.lu/lu/wellkom-bienvenue/
  13. United States Geological Survey: VENUS - Montessori, https://planetarynames.wr.usgs.gov/Feature/4020
  14. Time magazine: 100 Women of the Year am 5. März 2020, https://time.com/5792757/maria-montessori-100-women-of-the-year/