Maria Van Rysselberghe

Vu Wikipedia
Maria Van Rysselberghe
Gebuertsnumm Maria Monnom
Gebuer 9. Februar 1866
Bréissel
Gestuerwen 24. November 1959
Grasse
Nationalitéit Belsch, Frankräich
Aktivitéit Schrëftsteller
Famill
Bestuet mat Théo Van Rysselberghe
Kanner Élisabeth Van Rysselberghe

D'Maria Van Rysselberghe gebuer als Maria Monnom 1866 a gestuerwen 1959 war eng Schrëftstellerin, déi an der Literatur ënner dem Numm La petite Dame bekannt ass.

Si war d'Fra vum belsche Moler Théo Van Rysselberghe, an ass 1891 mat him bei d'Bertha Gansen, eng d'Schoulfrëndin vun hirer Schwëster, op Lëtzebuerg komm, sou wéi si dat schonn zanter néng Joer gemaach huet. D'Bertha Gansen war an der Tëschenzäit mam Dr. Auguste Weber, e Koseng vum Emile Mayrisch, bestuet ginn. Zéng Joer méi spéit huet d'Maria zu Eech, bei der Famill Weber, d'Bekanntschaft vun der Madame Mayrisch, der Aline de Saint-Hubert gemaach. Si goufen intim Frëndinnen. Si ass gär als Gaascht am Schlass vu Kolpech, dat der Famill Mayrisch gehéiert huet, gesi ginn. Si huet zum Kolpecher Frëndeskrees (Cercle de Colpach) gehéiert, iwwer dee vill geschriwwe gouf, an zu deem ë. a. den André Gide gehéiert huet.

Mam Gide hat si ee Kand.

Bekannt ass d'Maria Van Rysselberghe duerch hiert Wierk Les Cahiers de la Petite Dame - Notes pour l'histoire authentique d'André Gide, (1973) ginn.

Editiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Les cahiers de la Petite Dame. Notes pour l'histoire authentique d'André Gide.
    • Tome I: 1918-1929, préface d'André Malraux. Quatrième volume des Cahiers André Gide. Nouvelle édition en 1996, 500 pages, 140 × 205 mm. Collection Les Cahiers de la NRF (1996), Gallimard -memo.
    • Tome II: 1929-1937. Cinquième volume des Cahiers André Gide. Nouvelle édition en 2001, 676 pages, 140 × 205 mm. Collection Les Cahiers de la NRF (2001), Gallimard -memo.
    • Tome III: 1937-1945. Sixième volume des Cahiers André Gide. Nouvelle édition en 1998, 420 pages, 140 × 205 mm. Collection Les Cahiers de la NRF (1998), Gallimard -memo.
    • Tome IV: 1945-1951. Septième volume des Cahiers André Gide. Nouvelle édition en 2001, 328 pages, 140 × 205 mm. Collection Les Cahiers de la NRF (2001), Gallimard -memo.
  • Rysselberghe, Maria van: Das Tagebuch der kleinen Dame. Auf den Spuren von Andre Gide 1918 - 1951., 1989, Deutscher Taschenbuch Verlag, München, 562 Säiten.
  • Rysselberghe, Élisabeth van: Lettres à la petite dame, Gallimard, 2000, Kollektioun: Les cahiers de la NRF, 193 Säiten. 88 Bréiwer ausgewielt a presentéiert vun der Cathérine Gide. ("Il y en a 88 que la fille adresse à sa mère et qui couvrent une année et demie, presque un an après la naissance de Catherine qu'elle a eue de Gide.")

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Iwwer de Kolpecher Frëndeskrees