Auguste Weber

Vu Wikipedia
Auguste Weber
Gebuer 27. Dezember 1852
Eech
Gestuerwen 3. August 1936
Eech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dokter


Den Auguste Weber, gebuer de 27. Dezember 1852[1] zu Eech, an do gestuerwen den 3. August 1936, war e lëtzebuergeschen Dokter.

Hien huet 1883 eng Praxis zu Eech opgemaach;[2] Zesumme mam Dr. Martin Klein huet hien déi éischt Operatiounen an der Eecher Klinick (Clinique Saint-Joseph) duerchgefouert.[3] Vun 1884 un huet hien an der Stad praktizéiert. 1887 gouf hien Dokter vun der Diddelenger Schmelz, an huet dunn och zu Diddeleng gewunnt. Enn 1893 ass hien an d'Stad zeréckkomm an huet do vum Januar 1894 u praktizéiert. 1901 huet hien nees zu Eech gewunnt, war Dokter vun der Eecher Schmelz, mä hat nach all Dag Konsultatiounen an der Elisabetherinneklinick an der Stad. 1920 huet hien d'Eecher Schmelz aus Gesondheetsgrënn opginn, awer nach a senger Wunneng zu Eech praktizéiert.

Den Auguste Weber war President vun der Ligue luxembourgeoise contre la tuberculose (1921-1936)[4] a vun der Société des sciences médicales (1920-1933), an déi hien 1885 opgeholl gi war.[5]

Hie war och President vun der Lëtzebuerger Sektioun vun der "Université Cinégraphique".[6]

Als jonke Borscht huet hie scho vun 1867 u bei dem botaneschen Aarbechtsgrupp, aus deem sech d'Société de botanique entwéckelt huet, matgemaach.[7] 1871 war hien Tresorier vum Comité de botanique.

Am Dezember 1884[8] ass den Auguste Weber zesumme mat sengem Confrère Victor Feyder vun Ettelbréck op Berlin gefuer, fir do un de Course vum Robert Koch iwwer d'Cholera deelzehuelen. 1885 hunn déi zwéin en detailléierte Rapport doriwwer virgeluecht, deen an der Dréckerei V. Bück erauskoum (cf. Publikatiounen).[9]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Weber, A. & V. Feyder, 1885. Bericht der HH. Dr. Weber und Dr. Feyder über ihre Sendung nach Berlin zu den Vorträgen von Hrn. Geheimrath Dr. Koch über die Cholera. Luxemburg, V. Bück, 33 S.
  • Weber, A., 1886. Eine neue Methode der Vereinigung der Blasenwände nach Sectio alta. Bulletin de la Société des sciences médicales du Grand-Duché de Luxembourg. Année 23 (1886), [n° 14], S. 169-178.
  • Weber, A., 1886. Beiträge zur Therapie bei engem Becken. Bulletin de la Société des sciences médicales du Grand-Duché de Luxembourg. Année 23 (1886), [n° 14], S. 179-184.
  • Weber, A. & G. Scholtes, 1917. Bericht über das Wirken, die Behandlung und Verpflegung der verwundeten Offiziere und Soldaten im Spitale der "ARBED" in Beggen. Bulletin de la Société des sciences médicales du Grand-Duché de Luxembourg. Année 54 (1917), [n° 23], S. 27-31.

Gielercher[10][änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 3/3 (S-Z). Luxemburg, Eigenverlag, S. 1343-1756, [1]-23, [1]. (A. Weber, S. 1657-1658).
  • Liez, N., 1886. Dictionnaire avec des notices biographiques de tous les membres du corps médical luxembourgeois pendant le XIXe siècle. Avec une biographie du Docteur Félix Schaan. Luxembourg, Impr. Vve M. Bourger-Blum, 167 S. (Auguste Weber, S. 145).
  • Mersch, J., 1963. Les Metz, la dynastie du fer. Biographie nationale du pays de Luxembourg, fasc. 12, S. 311-605 (Dr. Auguste Weber, S. 341-343). [1]
  • Spedener, G., 1937. Die im Luxemburger Lande lebten und webten. Biographische Notizen. Grevenmacher, P. Faber, 106 S. (Aug. Weber, S. 96).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gebuerteregëster vun der Gemeng Eech 1852, Akt N° 179 vum 29. Dezember, Gebuert vum 27. Dezember 1852. — Iwwer dem A. Weber säi Gebuertsdag gëtt et déi ënnerschiddlechst Donnéeën: de 27.12.1852 beim Kugener 2005: S. 1657; den 23.12.1852 laut Mersch 1963: S. 341, Spedener 1937: S. 96, Memorial 1903 (N° 11): S. 134, Memorial 1915 (N° 2): S. 6; den 28.12.1852 laut Liez 1886: S. 145.
  2. Mersch 1963, S. 341.
  3. G. Kieffer: Aus der Chronik der Stiftung Norbert Metz in Eich. Zum fünfzigjährigen Jubiläum. Ons Hémecht 1924, S. 74.
  4. Koltz, R. 1968. La Ligue Luxembourgeoise contre la Tuberculose de 1908 à 1968. In: Ligue Luxembourgeoise contre la Tuberculose, 1908-1968. Luxembourg, J. Beffort, S. 26.
  5. Liez 1886, S. 145.
  6. Spedener 1937.
  7. Recueil des Mémoires et des travaux publiés par la Société de botanique du Grand-Duché de Luxembourg, N° 1 (1874); S. 6: Auguste Weber, étudiant en sciences à Eich, membre effectif (1867).
  8. Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 1/3 (A-G). Luxemburg, S. 495.
  9. Massard, J.A. & G. Geimer, 2000. Das Großherzogtum Luxemburg und die asiatische Cholera um die Jahrhundertwende. Scientiarum Historia, 26 (1-2), S. 59.
  10. Doudesannonce vum Auguste Weber am Escher Tageblatt vum 5. August 1936 Archivéiert op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2015-02-22.