Marianengraben
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Éisträich, Lëtzebuerg, Italien |
Première | 23. Oktober 2024 |
Faarf | Faarweg |
Originalsprooch | Däitsch |
Ekipp | |
Regie | Eileen Byrne |
Dréibuch | Eileen Byrne |
Fotografie | Petra Korner |
Musek | Claire Parsons |
Produzent | Alexander Glehr |
Schauspiller | |
Luna Wedler, Edgar Selge | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Marianengraben (op Englesch: Mariana's Trench) ass e lëtzebuergesch-italieenesch-éisträichesche Spillfilm vun der Regisseurin Eileen Byrne, deen den 23. Oktober 2024 zu Lëtzebuerg an de Kino koum. Et ass den éischte Laangfilm vun der Regisseurin a baséiert um Bestsellerroman mam selwechten Numm vun der Jasmin Schreiber (2020). D'Luna Wedler spillt d'Haaptroll.
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]D'Paula, eng jonk Studentin, trauert ëm hire Brudder, dee bei Trieste am Mier erdronk ass. Si begéint um Kierfecht dem Helmut (Edgar Selge), deen amgaang ass, d'Urn vu senger verstuerwener Fra auszegruewen, fir déi a Südtirol ze bréngen, op eng Plaz, wou se schéi Momenter zesummen haten. Zesumme maache se sech op de Wee dohin...
Produktioun
[änneren | Quelltext änneren]D'Kierfechtzeene goufen zu Esch-Uelzecht um Jousefskierfecht gedréint.
-
De Jousefskierfecht zu Esch.
Rezeptioun
[änneren | Quelltext änneren]- De Chris Lauer bedauert an der woxx, dass et der Iddi vum Film, déi schonns dacks thematiséiert gouf, un Originalitéit feelt[1]:
Leider [...] fehlt der luxemburgischen Produktion der nötige, durch Originalität erzeugte Biss. Sie lässt sich [...] auf ausgediente narrative Muster und Stilelemente ein. Die zwischen Konflikt und Eintracht hin- und herschwingende Beziehung zwischen den Hauptfiguren und ihr strapaziöser, von abenteuerlichen Episoden gekennzeichneter Roadtrip enthalten keine Überraschungsmomente, welche die altbekannten Erzählschemata durchbrechen könnten – und das, obwohl mit zwei Wendungen versucht wird, kleinere Knalleffekte zu erzeugen. [...] Auch formal arbeitet der Film mit abgenutzten Kniffen.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Breakthrough International Präis um International Filmfestival San Diego.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Chris Lauer: " 'Marianengraben': Alter Wein in alten Schläuchen.2 woxx.lu, 07.11.2024.