Marie-Thérèse Tholl
Marie-Thérèse Tholl | |
---|---|
Gebuer |
19. Januar 1932 Donkels |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Lycée Robert-Schuman |
Aktivitéit | Botaniker, Mykolog |
Member vun | Société des naturalistes luxembourgeois |
D'Marie-Thérèse Tholl, gebuer den 19. Januar 1932 zu Donkels, ass eng lëtzebuergesch Botanikerin a Mykologin.
D'Marie-Thérèse Tholl huet sech fir d'éischt fir Botanik intresséiert a sech duerno op d'Pilze spezialiséiert. Si ass zënter 1958 Member vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL) a war Kommiteesmember vun 1972 bis 1997. Si war Grënnungsmember vum Groupe de recherche mycologique[1] vun der SNL am Joer 1983 .
Si war donieft Grënnungsmember am Joer 1996 vum Veräin « Conservatoire de plantes médicinales et aromatiques » vu Wanseler. Als Member vum Kommitee huet si gehollef, de Kraidergaart zu Wanseler z'installéieren an d'Broschür « Kraidergaart Wanseler » ze redigéieren.
De Ben Schultheis an de franséische Mykolog Bernard Duhem (Muséum national d'histoire naturelle de Paris) hunn der Marie-Thérèse Tholl eng nei Pilzaart dediéiert, déi si Sistotrema tholliae (Aphyllophorales) genannt hunn[2].
Publikatiounen
[änneren | Quelltext änneren]- Tholl, M.T., 1985. Wegkreuze in Donkols-Soller. D'Hobitz 2(5), S. 4-6.
- Tholl, M.T., 1985. Notes mycologiques. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 85, S. 61-75.
- Tholl, M.T., 1986. Notes mycologiques (1983-1985). Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 86, S. 107-116.
- Tholl, M.T., 1991. Inventaire de la flore mycologique d'une propriété rurale ardennaise. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 92, S. 41-53.
- Tholl, M.T, 1992. Céline Besch-Schmit, 1922-1991. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 93(1992), S. 3-4.
- Tholl, M.T., G. Marson & B. Schultheis, 1992. Journées luxembourgeoises de mycologie vernale à Clairefontaine (1991). Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 93, S. 147-154.
- Tholl, M.T., 1996. Notes mycologiques (1986-1995). Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 97, S. 119-134.
- Marson, G., B. Schultheis & M.T. Tholl, 1997. Journées luxembourgeoises de mycologie vernale (1996). Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 98, S. 93-103.
- Conter, C., G. Keipes & M.T. Tholl (Red.), 1998. Kraidergaart Wanseler: Die Gärten von Winseler. Les jardins de Winseler. De tuinen van Winseler. Winseler, Conservatoire de plantes médicinales de Winseler, Impr. F. Faber, Mersch, 47 S.
- Tholl, M.T., H.O. Baral, B. Schultheis, G. Marson & P. Diederich, 2000. Journées luxembourgeoises de mycologie vernale 1998. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 100, S. 39–62.
- Tholl, M.T., H.O. Baral, B. Schultheis & G. Marson, 2001. Journées luxembourgeoises de mycologie vernale 2000. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 102, S. 23-43.
- Schultheis, B. & M.T. Tholl, 2004. Polyporus corylinus Mauri, taxon méridional, découvert au Luxembourg en 1998 (Basidiomycetes, Fungi). Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 105, S. 3-7.
- Conter, C., G. Keipes & M.T. Tholl (Red.), 2006. Kraidergaart Wanseler: Conservatoire de plantes médicinales. Winseler, Conservatoire de plantes médicinales de Winseler, Print Service, Luxembourg 103 S.
- Tholl, M.T., G. Marson G. & B. Schultheis, 2007. Pilze - champignons - Fungi. In: Inventaire de la biodiversité dans la forêt “Schnellert” (Commune de Berdorf). Erfassung der Biodiversität im Waldgebiet “Schnellert” (Gemeinde Berdorf) (M. Meyer & E. Carrières, éds). Ferrantia 50, S. 17-26.
- Garnier-Delcourt, M., G. Marson, C. Reckinger, B. Schultheis, M.T. Tholl & J. Turk, 2010. Notes mycologiques luxembourgeoises. IV. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 111, S. 61-79.
- Garnier-Delcourt, M., C. Reckinger, M.T. Tholl & J. Turk, 2011. Notes mycologiques luxembourgeoises. V. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 112, S. 39-50.
- Garnier-Delcourt, M., C. Reckinger, B. Schultheis, M.T. Tholl & J. Thorn, 2012. Notes mycologiques luxembourgeoises. VI. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 113, S. 117-135.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Massard, J.A., 2015. La Société des naturalistes luxembourgeois de 1890 à 2015. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116, S. 5-302.
- Massard, J.A. & G. Geimer, 2015. Le bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois (SNL) et ses auteurs depuis 1990, une sélection de notices bio-bibliographiques. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116, S. 457-504 [M.-T. Tholl: S. 499-501].
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Massard 2015, S. 191.
- ↑ Massard & Geimer 2015, S. 500. — Duhem, B. & B. Schultheis, 2012. Sistotrema tholliae sp. nov. Bulletin de la Société mycologique de France 127 (3-4) (2011), S. 201-211.