Mario Vandivinit
Ausgesinn
Mario Vandivinit | |
---|---|
Gebuer | 1951 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
De Mario Vandivinit, gebuer 1951 zu Remerschen, ass e lëtzebuergesche Moler.[1]
Hie war Schüler vum Frantz Kinnen éier hie vun 1972 un op der École ABC zu Paräis studéiert huet. Ufanks huet hie Landschaftsmolereie gemaach, mä zënter den 1990er mécht hien abstrakt Molerei.[1]
Präisser
[änneren | Quelltext änneren]- 1993: Prix transfrontalier bei Saar-Lor-Lux-Art 93 (Frankräich)
- 1994: 1. Präis beim Open Air Konscht Festival (Lellgen)
- 2000: 3. Präis Prix d'Art Sacré (Lëtzebuerg)
- 2007: Kënschtler, dee fir d'4. Biennal vun der zäitgenëssescher Konscht ausgewielt gouf (Stroossen)
- 2011: Kënschtler, dee fir d'6. Biennal vun der zäitgenëssescher Konscht ausgewielt gouf (Stroossen)
- 2012: 1. Präis beim Concours Création d'une sérigraphie (Réiser)