Mars Climate Orbiter

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Mars Climate Orbiter iwwer dem Mars (kënschtlerësch Duerstellung)
Opbau vum MCO
MCO bei Testaarbechten

D'Mars Climate Orbiter (MCO) war eng NASA-Sond fir de Mars am Kader vum Discovery-Programm. Si goung 1999 wéinst engem Eenheetefeeler am Navigatiounssystem verluer.

Instrumenter[änneren | Quelltext änneren]

De Mars Climate Orbiter war zesumme mam Mars Global Surveyor dofir gebaut ginn, d'Instrumenter vum verluerene Mars Observer dach nach zum Asaz bréngen ze kënnen. Während um Mars Global Surveyor véier Mars-Observer-Experimenter geflu sinn, gouf Mars Climate Orbiter nëmmew mat engem ausgestatt: Dem PMIRR (Pressure Modulated Infrared Radiometer), dat d'Marsklima ënnersiche sollt, andeem et dài vum Mars reflektéiert Stralung analyséiert. Zousätzlech gouf eng Kamera, de Mars Color Imager (MARCI) integréiert. Nieft de Klimaënnersich bestoung d'Aufgab vum MCO doran, als Relais fir den och mëssgléckten Mars Polar Lander ze fungéieren.

Missioun[änneren | Quelltext änneren]

MCO war den 11. Dezember 1998 u Bord vun enger Delta II 7425 vun der Weltraumgare Cape Canaveral gestart. Den 23. September 1999 hat d'Sond de Mars erreecht an hat d'Dreifwierk gestart, fir vun der Mars-Gravitatioun agefaangen ze ginn. Geplangt war ufanks en ellipteschen Orbit vun 150 km × 21.000 km, duerch d'Ofbremsen mat der Aerobraking sollt d'MCO a 44 Deeg den definitiven, bal kreesfërmegen Orbit op enger Héicht vun 421 km erreechen. Mä wou d'Sond nom Ofbremsmanöver nees aus dem Funkschiet vum Mars erauskoum, konnt kee Kontakt méi hiergestallt ginn.

Verloscht[änneren | Quelltext änneren]

Eng Kommissioun, déi dee Fall ënnersicht huet hat séier de Grond vum Kontaktverloscht erausfonnt. Aus den Telemetriedaten gouf ermëttelt, datt de marsnächste Punkt net bei 150 km, mä bei nëmme 57 km louch. An dëser Héicht ass awer d'Marsatmosphär schonns esou dicht, datt d'Sond duerch d'Hëtzt an de Loftdrock zerstéiert gouf. D'Ursaach vum Navigatiounsfeeler war och ganz séier kloer: Während d'NASA den Impuls p am metreschen Internationalen Eenheetesystem (SI) mat der Eenheet Ns berechent, gouf d'Navigatiounssoftware vum MCO vum Fabrikant Lockheed Martin fir d'imperialt System mat der Impulseenheet lbfs ausgeluecht, also 4,45 mol sou grouss. Fir deen duerch d'Auswirkungen vum Solardrocks op das asymmetresch ugemaache Solarpanel veruersachten Drall ze kompenséieren, mussten heiansdo Kurskorrekturen virgeholl ginn. Duerch déi ënnerschiddlech Eenheeten gouf de Kurs awer iwwerkorrigéiert an d'Sond koum vill ze no un de Mars erun.

Als weider Ursaach vum Verloscht gouf net genuch Erfahrung, Iwwerlaaschtung a schlecht Zesummenaarbecht vun de Buedemmannschaften ugefouert. Agespillten Teams hätten den Eenheetefeeler och während dem Fluch entdeckt an esou den Totalverloscht verhënnere kënnen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mars Climate Orbiter – Biller, Videoen oder Audiodateien