Discovery-Programm
Den Discovery-Programm vun der NASA ass eng Serie vu käschtegënschtegen, héich konzentréierten, wëssenschaftleche Weltraum-Missiounen. E gouf no der Visioun vum NASA-Chef Daniel Goldin vun enger "méi séierer, besserer a méi bëlleger" (engl. "Faster – Better – Cheaper") Planéitemissioun gegrënnt. De Programm besteet aus eegene Raumsonden an sog. "Discovery Missions of Opportunity", vun der NASA gebauten Instrumenter a Raumsonde vun anere Raumfaartagenturen. Eenzege Feelschlag war bis elo d'CONTOUR Missioun. Mars Climate Orbiter a Mars Polar Lander hu net zum Discovery-Programm gehéiert.
Missiounen
[änneren | Quelltext änneren]Fäerdeg Missiounen
[änneren | Quelltext änneren]Erfollegräich
[änneren | Quelltext änneren]- NEAR, eng Missioun, fir Asteroiden z'observéieren; war um (433) Eros gelant. Si ass haut net méi a Betrib.
- Mars Pathfinder, e Mars-Landemodul mat engem klenge Rover, nom Ofschloss vun der Missioun gouf hien ofgeschalt.
- Lunar Prospector, e Moundsatellit, deen op d'Mounduewerfläch gefall war.
- Deep Impact, eng Missioun, bei där eng Raumsond op e Koméit fält, awer nach eng Sond huet déi funktionéiert an déi vläicht fir spéider Missioune benotzt ka ginn.
- Stardust, eng Missioun fir Deelercher aus engem Koméiteschwäif ze sammelen. Si koum domat de 15. Januar 2006 op d'Äerd zeréck. D'Mammeschëff bleift an engem Orbit ronderëm d'Sonn a ka fir spéider Missiounen nach gebraucht ginn.
- De Moon Mineralogy Mapper, eng „Discovery Mission of Opportunity“, war en Instrument fir d'Erfuerschung vun der Mineralogie um Äerdmound a gouf am Oktober 2008 u Bord vum ISRO-Orbiter Chandrayaan-1 gestart. Am August 2009 war de Kontakt mat der Sond ofgebrach.
Deelweis erfollegräich
[änneren | Quelltext änneren]- Genesis, eng Missioun fir Sonnewandpartikelen ze sammelen. Bei der Landung haten d'Fallschiermer versot an d'Landekapsel war an der Wüst bei Salt Lake City erofgefall. No éischten Aussoe gouf ugedeit, datt awer e puer Partikele wëssenschaftlech ënnersicht konnte ginn.
Feelschlag
[änneren | Quelltext änneren]- De CONTOUR, eng Sond, déi beim Zünde vum eegenen Dreifwierk beim Verloosse vun der Äerdëmlafbunn an dräi Deeler gebrach ass.
Lafend Missiounen
[änneren | Quelltext änneren]- De Messenger ass eng Missioun op de Merkur, déi am August 2004 gestart gouf an an der Tëschenzäit, no dräi Swing-by-Manöveren, an eng Ëmlafbun ëm de Merkur agetrueden ass.
- Den ASPERA-3 ass eng „Discovery Mission of Opportunity“. Si soll den Afloss vum Sonnenwand op d'Marsatmosphär weisen. Si ass u Bord vun der ESA-Sond Mars Express.
- D'Raumsond Dawn, gestart am September 2007,soll d'Asteroiden Ceres a Vesta ënnersichen.
- EPOXI ass eng „Discovery Mission of Opportunity“ fir d'Weiderbenotze vun der Raumsond Deep Impact beim Besuch vum Koméit 103P/Hartley 2 a fir d'Sich no Exoplanéiten.
- NExT ass eng „Discovery Mission of Opportunity“ fir Weiderbenotze vun der Raumsond Stardust beim Besuch vum Koméit Tempel 1, dee scho virdru vum Deep Impact ënnersicht gouf.
- De Kepler-Weltraumteleskop, deen de 7. Mäerz 2009 gestart gouf, ass e Weltraumteleskop, deen an engem Sonnenorbit no Stäre mat Onreegelméissegkeeten an der Liichtintensitéit sicht. D'Onreegelméissegkeeten weise ganz gär op Exoplanéiten hin.
- De GRAIL war den 10. September 2011 gestart. Et ass eng Missioun, déi aus zwou Sonde besteet. D'Missioun ass fir d'Vermiessung vum Äerdmoundgravitatiounsfeld.
Geplangt Missiounen
[änneren | Quelltext änneren]- Strofio, en Instrument fir d'Analys vun der Exosphär vum Merkur. D'Missioun soll viraussiichtlech 2016 op BepiColombo gestart ginn.
- LaRa ass en Deel zum ExoMars-Lander (2018), a soll d'Versteesdemech vun der Struktur an dem Zoustand vum Marskär verbessern.
Virgeschloe Missiounen
[änneren | Quelltext änneren]De 5. Mee 2011 goufen ënner 28 Virschléi dräi Projete fir déi nächst Discovery-Missiounen erausgesicht:
- InSight (Interior Exploration using Seismic Investigations, Geodesy and Heat Transport), e Marslander dee Struktur an Zesummesetzung vum Marskär ënnersiche soll an d'Versteesdemech vun der Genesis a vun der Entwécklung vun terrestresche Planéiten erweidere soll.
- Titan Mare Explorer (TiME), eng Raumsond, déi op engem vun de gréisste Methanséie vum Titan „lande“ soll.
- Comet Hopper (Chopper), eng Sond, déi op engem Koméit landen an e puermol hir Plaz wiessele soll, fir d'Verännerunge vum Koméit iwwer e laangen Zäitraum ze dokumentéieren.
Ënner dëse Virschléi ass den 20. August d'Wiel op de stationäre Marslander InSight gefall, deen 2016 gestart soll ginn.