Mars-Scout-Programm

Vu Wikipedia
Phoenix (Mars Scout 1) um Mars (kënschtleresch Duerstellung)
MAVEN (Mars Scout 2) (kënschtleresch Duerstellung)

De Mars-Scout-Programm ass e Fuerschungsprogramm vun der NASA zanter 2005 an ass Deel vum Mars-Fuerschungsprogramm. Dozou gehéieren d'Mars-Scout-Missiounen déi manner käschtenintensiv Projete sinn (bis 500 Milliounen Dollar). Grad wéi beim Discovery-Programm sinn Ëmfang an Ausriichtung begrenzt. Déi mëttel Klass vu Mars-Missioune am Mars Exploration Program ass vergläichbar mam New-Frontiers-Programm. Käschtepunktmit tëscht 500 Mio. bis 750 Mio. Dollar. Dës weider ausgeluecht Missioune si generell Orbiter. De Mars Reconnaissance Orbiter ass déi éischt Missioun vun där Klass. Déi opwennegst a käschtenintensiivst Projeten (vu 750 Mio. Dollar bis zu e puer Milliarden Dollar) sinn d'Flaggschëff-Missiounen, wovun dat éischt de Mars Science Laboratory (MSL) ass.[1]

Missiounen[änneren | Quelltext änneren]

D'Missioune vum Mars-Scout-Programm sollen duerch e Concours ausgewielt ginn. Verschidden international Wëssenschaftler solle matenee mat méiglechst innovative Virschléi konkurréieren. Sou ware fir déi éischt Mars-Scout-Missioun nieft der Phoenix-Sond, e Mars-Fliger, en Orbiter fir d'Sich no vulkanescher Aktivitéit an eng Missioun fir Prouwen ze huelen an der Endauswiel.[2]

Mars Scout 1[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Missioun vum Programm, Mars Scout 1, war d'Landesond Phoenix, déi de 4. August 2007 gestart an de 25. Mee 2008 (UTC) erfollegräich um Mars gelant war. De Käschtepunkt vun der Missioun, inklusiv d'Drorakéit louch bei ronn 420 Milliounen Dollar[3].

Mars Scout 2[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: MAVEN.

Mars Scout 2 soll 2013 starten. Zwee Missiounskonzepter aus 26 virgeschloene goufen dofir am Januar 2007 erausgesicht, 2008 goufen doraus eng definitiv Missioun bestëmmt. D'Konzepter waren:[4]

  • Mars Atmosphere and Volatile Evolution (MAVEN): En Orbiter géif d'Froen iwwer d'Marsklima an d'Bewunnbarkeet vum Planéit beäntwerte souwéi d'Verständnes vun dynamesche Prozesser an der ieweschter Marsatmosphär an an der Ionosphär verbesseren.
  • The Great Escape: D'Missiounskonzept ass och als Orbiter ausgeluecht. D'Raumsond géif d'Struktur an d'Dynamik vun der ieweschter Marsatmosphär studéieren, a géif ausserdeem potentiell biogen Atmosphärebestanddeeler (z. B. Methan) vermoossen.

De 15. September 2008 gouf d'Missioun MAVEN vun der NASA zeréckbehalen.

Mars Scout 3[änneren | Quelltext änneren]

Fir 2018 ass déi drëtt Missioun vum Programm virgesinn. Als Concoursbeiträg ginn nieft konventionellen Orbiter a stationäre Lander, och Sonden déi fléien (Fliger, Ballonen), Penetratoren, oder Konzepter fir Eenheeten déi goen, sprangen oder klotere kënnen, erwaart.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Mars Exploration Design Reference Mission Set: http://solarsystem.nasa.gov/missions/future-mars1.cfm. 20. Aug. 2006
  2. Space Today: http://www.spacetoday.org/SolSys/Mars/MarsExploration/MarsScout2007.html. 20. Aug. 2006
  3. NASA:Phoenix launch press kit (August 2007)
  4. NASA: NASA Selects Proposals for Future Mars Missions and Studies, 8. Januar 2007

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]