Mathieu Lamberty

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Mathieu Lamberty
Gebuer 18. Juni 1911
Molenbeek-Saint-Jean
Gestuerwen 16. Dezember 1993
Lëtzebuerg
Nationalitéit Belsch, Lëtzebuerg
Aktivitéit Dirigent, Organist, Komponist, Lycéesprofesser

De Mathieu Lamberty, gebuer den 18. Juni 1911 zu Molenbeek an der Belsch, a gestuerwen de 16. Dezember 1993 zu Lëtzebuerg[1], war e Komponist, Dirigent an Organist. Nodeem en an der Belsch Professer an engem Lycée war, ass en op Lëtzebuerg komm. Nom Zweete Weltkrich huet hien um Belair d'Uergel gespillt. Hie war Museksprofesser an der Industrieschoul[2] um Lampertsbierg.

De Mathieu Lamberty huet geeschtlech a weltlech Musek komponéiert, Arrangementer, ënner anerem fir de Varieté vun der Nationalloterie, an och eng Operett, De Clochard.[3]

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Mein Elternhaus
  • De Muselwäin [4]
  • Hei kann ech net bleiwen
  • Domine salvam fac (1935)
  • Compositions (1992)
  • An der grousser hellger Nuecht (1994)

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. https://musique.uni.lu/wp-content/uploads/sites/19/2019/03/LAMBERTY-Mathieu.pdf
  2. https://musique.uni.lu/wp-content/uploads/sites/19/2019/03/LAMBERTY-Mathieu.pdf
  3. Luxemburger Lexikon - Das Grossherzogtum von A - Z, S. 238
  4. https://www.youtube.com/watch?v=FeD345cUKwA
  5. Pour leurs mérites dans le domaine culturel op der Säit 3 vum Luxemburger Wort vum 26. Juni 1974 op eluxemburgensia.lu gekuckt de 24. Dezember 2022