Max Ophüls

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Max Ophuls)
Max Ophüls
Gebuertsnumm Max Oppenheimer
Gebuer 6. Mee 1902
Saarbrécken
Gestuerwen 26. Mäerz 1957
Hamburg
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit Frankräich, Däitschland
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Theaterschauspiller, Theaterregisseur, Regisseur
Famill
Kanner Marcel Ophüls

De Max Ophüls (am Exil Ophuls oder Opuls), gebuer als Max Oppenheimer de 6. Mee 1902 zu St. Johann (haut e Quartier vu Saarbrécken), a gestuerwen de 26. Mäerz 1957 zu Hamburg, war en däitsch-franséische Schauspiller a Film-, Theater- a Lauschterstéckregisseur.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Max Oppenheimer huet 1920 de Pseudonym Ophüls fir Schauspiller ze ginn. 1921-1923 huet hien zu Oochen, dono zu Dortmund, am Theater gespillt. Zu Dortmund huet hien ugefaange Regie ze féieren an huet dat dono och am Wiener Burgtheater an am Akademietheater gemaach, du vun 1926 bis 1928 zu Frankfurt, dono bis 1930 zu Breslau, an dunn zu Berlin. 1931 huet hien do säin éischte Film gedréint, deen haut als verluer gëllt, Dann schon lieber Lebertran no enger Geschicht vum Erich Kästner. No zwéi weidere Filmer hat hien 1932 mat der Verfilmung vum Arthur Schnitzler senger Liebelei säin Duerchbroch als Filmregisseur.

Nodeems d'Nazien 1933 un d'Muecht komm waren, ass den Ophüls mat senger Fra Hilde Wall op Paräis emigréiert, wou e weider als Dréibuchauteur a Regisseur schaffe konnt. 1938 krut hien déi franséisch Nationalitéit. 1941 ass e weider an d'USA geflücht, wou en als Max Ophuls tëscht 1946 an 1949 e puer Filmer gedréint huet. 1949 goung en hannescht op Paräis. Do huet hie bis zu sengem Doud 1957 nach e puer Filmer gedréint, vun deene Lola Montez dee bekanntsten ass.

Hien ass zu Hamburg gestuerwen a gouf am Kolumbarium vum Kierfecht Père-Lachaise begruewen. 1959 koume posthum seng Memoiren ënnert dem Titel Spiel im Dasein. Eine Rückblende, eraus.

Och säi Jong Marcel Ophüls ass e bekannte Regisseur an Dokumentarfilmer.

De Max-Ophüls-Preis an de Saarbrécker Filmfestival, op deem e verdeelt gëtt, goufen no him genannt.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Autobiographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Spiel im Dasein. Eine Rückblende. Goverts, Stuttgart 1959, 239 S. (Nodrock 1980, ISBN 3-921815-14-2, nei erausgi mat Biller, Pre-a Postface 2015)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Helmut G. Asper: Max Ophüls: Deutscher - Jude - Franzose. Centrum Judaicum, Hentrich & Hentrich, Berlin 2011, ISBN 978-3-942271-36-3 (= Jüdische Miniaturen, Band 112).
  • Helmut G. Asper: Max Ophüls. Eine Biographie. Arte-Edition. Bertz + Fischer Verlag, Berlin 1998, ISBN 3-929470-85-3.
  • Lutz Bacher: Max Ophuls in the Hollywood Studios. Rutgers University Press, New Brunswick, NJ 1996, ISBN 0-8135-2291-9.
  • Peter W. Jansen, Wolfram Schütte (Hrsg.): Max Ophüls. Reihe Film 42. Hanser, München / Wien 1989, ISBN 3-446-15274-1.
  • Susan M. White: The Cinema of Max Ophuls. Magisterial Vision and the Figure of Woman (Film and Culture Series). Columbia University Press, New York 1995, ISBN 0-231-10113-9 oder ISBN 0-231-10112-0.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Max Ophüls – Biller, Videoen oder Audiodateien