Erich Kästner

Vu Wikipedia
Erich Kästner
Gebuertsnumm Emil Erich Kästner
Pseudonym Robert Neuner, Berthold Bürger, Peter Flint
Gebuer 23. Februar 1899
Dresden
Gestuerwen 29. Juli 1974
München
Nationalitéit Däitscht Keeserräich, Weimarer Republik, Däitscht Räich 1933–1945, Westdäitschland, Däitschland
Educatioun Universitéit vu Leipzig
Aktivitéit Schrëftsteller, Dichter, Romancier, Kannerbuchauteur, Dréibuchauteur, Journalist, Dramatiker, Kabarettist
Member vun Deutsche Akademie für Sprache und Dichtung, Bayerische Akademie der Schönen Künste

Den Erich Kästner ass den 23. Februar 1899 zu Dresden gebuer an den 29. Juli 1974 zu München gestuerwen. Hie war en däitsche Schrëftsteller, Dréibuchauteur a Kabarettist an ass virun allem fir seng Kannerbicher bekannt.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Seng Mamm Ida Kästner war Coiffeuse a säi Papp, den Emil Richard Kästner, war Suedlermeeschter. 1906 ass den Erich an d'Schoul zu Dresden gaangen. 1917 ass hien als Zaldot an d'Arméi agezu ginn, mä wéinst engem Häerzproblem koum en zeréck ouni datt en un d'Front hätt goe missen. 1918 huet hien dunn den Ofschloss gemaach an engem Seminar fir Schoulmeeschter. Zu Leipzig huet hie säi Studium an der Germanistik, Geschicht an an der Philosophie gemaach. Nieft sengem Studium huet hie fir d'Neue Leipziger Zeitung geschafft. 1927 ass hien op Berlin geplënnert an huet do als Theaterkritiker an als fräie Mataarbechter bei verschiddenen Zeitunge geschafft.

Seng éischt Gedichtsammlunge verëffentlecht hie vun 1928 un a schreift och Texter fir Kabareten.

Säin erfollegräichst Wierk war de Kannerroman Emil und die Detektive, deen a 24 Sproochen iwwersat an och verfilmt gouf.

Verschidden Aarbechte vum Erich Kästner goufen am Joer 1933 duerch d'Nationalsozialiste verbrannt oder verbueden. An dësen Aarbechten hëlt hien déi spiisseg Moral, de Faschismus an de Militarismus op d'Schëpp. Hie gëtt ëmmer erëm vun der Gestapo verhaft an erëm lafe gelooss.

1957 ass säi Jong den Thomas op d'Welt komm, deen awer bei senger Mamm zu Berlin opwiisst. Am selwechte Joer ass och säi Papp gestuerwen.

Den 29. Juli 1974 stierft den Erich Kästner am Alter vu 75 Joer zu München.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1956: Literaturpräis vun der Stad München
Den Erich Kästner (Mäerz 1933)

Seng Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Filmer[änneren | Quelltext änneren]

Méi wéi 40 Filmer sinn a ville Länner nom Kästner senge Wierker entstanen, déi bekanntst sinn:

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Kästner, Erich: Gedichte, Reclam Stuttgart 1987.
  • Kästner, Erich: Bei Durchsicht meiner Bücher.
  • Kästner, Erich: Werke, 9 Bänn, München: Hanser, 1998.
  • Schikorsky, Isa: Erich Kästner, DTV Portrait.
  • Hanuschek, Sven: Keiner blickt dir hinter das Gesicht. Das Leben Erich Kästners. München: Hanser 1999.
  • List, Sylvia: Das große Erich Kästner Buch, Atrium Verlag, Hamburg, Juli 2002.
  • Sarkowicz, Görtz: Erich Kästner - Eine Biographie, Piper.
  • Kordon, Klaus: Die Zeit ist kaputt. Die Lebensgeschichte des Erich Kästner, Beltz, 2002, 3. Oplo.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Erich Kästner – Biller, Videoen oder Audiodateien