MeYouZik

Vu Wikipedia

MeYouZik ass en Open-Air-Museksfestival, deen all Joer Ufank Juli um Knuedler an der Stad Lëtzebuerg ass. Organisateur ass de Syndicat d'Initiative vun der Stad.

En ass ëmmer den Dag virum Rock um Knuedler, an d'Gruppen déi optriede kommen all aus dem Beräich World-Musek. Et ass grad wéi de Rock um Knuedler e Festival mat Gratis-Entrée. Ausser der Haaptbün um Knuedler gëtt et och nach eng Bün an der Helleg-Geescht-Strooss an op der Place Clairefontaine.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Ufank vun dësem Festival war am Joer 2007, wéi Lëtzebuerg Kulturhaaptstad war.

Déi eenzel Editioune vum Evenement[änneren | Quelltext änneren]

2011[änneren | Quelltext änneren]

Déi 5. Editioun vum MeYouZik war den 2. Juli 2011. Op der Haaptbün (Lion Stage) sinn opgetrueden:

2012[änneren | Quelltext änneren]

Déi 6. Editioun vum MeYouZik war de 7. Juli 2012. Op der Haaptbün (Lion Stage) sinn opgetrueden:

2013[änneren | Quelltext änneren]

Déi 7. Editioun vum MeYouZik war de 6. Juli 2013. Op der Haaptbün (Lion Stage) sinn opgetrueden:

2014[änneren | Quelltext änneren]

Déi 8. Editioun vum MeYouZik war de 5. Juli 2014. Et sinn opgetrueden:

2015[änneren | Quelltext änneren]

Déi 9. Editioun vum MeYouZik war den 11. Juli 2015. Op der Haaptbün (Lion Stage) sinn opgetrueden:

2016[änneren | Quelltext änneren]

Déi 10. Editioun vum MeYouZik war de 16. Juli 2016. Wéinst der Visite vum amerikaneschen Ausseminister John Kerry zu Lëtzebuerg ass dee gréissten Deel vum Festival an den Neimënster am Gronn verluecht ginn. Op der Haaptbün sinn opgetrueden:

  • 13:30: Animation par ASTM
  • 15:45: Danainii

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]