Mercosur

Vu Wikipedia
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Mercosur
Mercosul / Ñemby Ñemuha
Zweck wirtschaftspolitesch Associatioun
Grënnungsdatum 26.03.1991
Memberen Argentinien, Brasilien, Paraguay, Uruguay
Sëtz Montevideo, Uruguay
President pro tempore
Mauricio Macri
Websäit www.mercosur.int

Mercosur ass eng wirtschaftspolitesch Associatioun vun enger Rei vu südamerikanesche Länner. Dës Bezeechnung ass en Akronym, dee sech zesummesetzt aus den éischte Buschtawe vu Mercado Común del Sur, wat esouvill heescht wéi "gemeinsame Maart vum Süden". Op portugisesch ass et Mercosul fir Mercado Comum do Sul, op Guaraní, der offizieller Sprooch aus Paraguay, Ñemby Ñemuha.

Ziler[änneren | Quelltext änneren]

D'Ziler vum Mercosur sinn ë. a.

  • d'Vergréisserung vun den nationale Mäert vun de Memberstaate fir déi wirtschaftlech Entwécklungsprozesser virun ze dreiwen,
  • en adequat Abezéie vun de Memberstaaten an international Struktur vun de groussen Ekonomien,
  • d'Ënnerstëtzung vun der wëssenschaftlecher an technescher Entwécklung vun de Memberstaate an
  • d'Erbäiféiere vun enger stänneger Unioun tëscht den Natiounen.

Nodeem d'Entwécklung vum Mercosur Enn vun den 1990er Joer e bëssen an d'Hannerdreiwe gerode war, hunn d'Memberstaaten am Joer 2000 en neie Start vum Mercosur agelaut, mam Zil fir d'Zollunioun no bannen an no baussen ze stäerken.

Ënner anerem soll de Mercosur sech nom Neistart ë. a. mat follgenden Deelberäicher intensiv beschäftegen:

  • Zougang op d'Mäert
  • méi séier Douanesformalitéiten
  • Virdeeler schafen an de Beräicher vun der Investitioun, der Produktioun an dem Export
  • eenheetlech Douanestariffer
  • asw.

Memberstaaten an associéiert Staaten[änneren | Quelltext änneren]

D'Organisatioun ass de 26. Mäerz 1991 mat der Ënnerschrëft vum Traité vun Asunción gegrënnt ginn.

Membere vum Mercosur:[änneren | Quelltext änneren]

Membere vum Mercosur: gréng = Member, rout = suspendéiert, blo = Bäitrëttskandidat

Grënnungsmemberen[änneren | Quelltext änneren]

Suspendéierte Member[änneren | Quelltext änneren]

  • Venezuela , gouf den 31. Juli 2012 Member an ass zanter dem 5. August 2017 dauerhaft suspendéiert.

Associéiert Staaten:[änneren | Quelltext änneren]

  • Chile (1996)
  • Bolivien (1997; huet eng Demande agereecht fir Member ze ginn; ass am Prozess vun der Integratioun)
  • Peru (2003)
  • Kolumbien (2004)
  • Ecuador (2004; huet 2011 eng Demande agereecht fir Member ze ginn)
  • Guyana (2015; Traitéë mussen nach ratifizéiert ginn)
  • Surinam (2015; Traitéë mussen nach ratifizéiert ginn)

Beobachterstaaten:[änneren | Quelltext änneren]

Problemer bei der Erweiderung an der Verdéiwung[änneren | Quelltext änneren]

Am Zesummenhang mat der Erweiderung an déi Verdéiwung vum Staatebond gëtt et eng Rëtsch Problemer, déi dës béid Prozesser behënneren.

  • engersäits gëtt et déi traditionelle Rivalitéiten, wéi z. B. déi tëscht Brasilien an Argentinien an och déi och tëscht Chile a Bolivien,
  • anersäits ass Brasilien e Land, dat wéinst senger Gréisst déi aner Memberen dominéiere kéint,
  • E Haaptkonfliktpunkt ass, datt et keng gemeinsam Strategie am Ëmgang mat den USA am Kader vun enger Fräihandelszon gëtt;
  • de Membere vum Mercosur ass et net erlaabt, bilateral Fräihandelsofkommes mat Drëttstaaten ofzeschléissen, wat schonn dozou bäigedroen huet, datt Uruguay a Paraguay sech iwwerleeën nees aus dem Mercosur erauszeklammen.

Mercosur an d'EU[änneren | Quelltext änneren]

De Mercosur an d'Europäesch Unioun hunn de 15. Dezember 1995 en Associatiounsofkommes ënnerschriwwen, dat eng Etapp virun der Ënnerschrëft vun engem Fräihandelsofkommes duerstellt. Am Joer 2004 waren d'Verhandlunge scho gutt viru komm an et gouf mat engem Ofschloss vun de Verhandlunge fir den Hierscht 2004 virgesinn. Allerdéngs war e grousse Sträitpunkt den Zougang zum europäesche Maart fir Agrarprodukter aus de Mercosur-Länner. Vun 2004 un gouf nëmmen nach um technesche Plang verhandelt. Eng Verdéiwung vun de Verhandlunge gouf sech eréischt mat engem Erfolleg vun den Doha Development Agenda vun der Welthandelsorganisatioun erwaart. Mä och dono konnt keng Eenegung fonnt ginn an no ettlechen erfolleglosen Uleef huet och d'Doha-Ronn 2016 als Echec gegollt.

Enn Juni 2019 konnt dunn awer eng Eenegung fir e Fräihandelsofkommes tëscht der Europäescher Unioun an dem Mercosur fonnt ginn. Am Fall wou dësen a Kraaft triede géif, wär et d'Grondlag fir déi gréisst Fräihandelszon vun der Welt.

Am Kader vun de grousse Bränn am Reebësch a Brasilien hunn Enn August 2019 verschidden europäesch Staaten - dorënner och Lëtzebuerg - driwwer nogeduecht, de Mercosur-Accord op Äis ze leeën, fir esou Drock op d'Mercosur-Länner opzebauen datt ë. a. d'Klimaofkommes vu Paräis respektéiert sollt ginn[1].

Päss[änneren | Quelltext änneren]

De Pass an all Land vum Mercosur ass blo an huet - änlech wéi an der EU - iwwer dem Numm vum Land Mercosul (a Brasilien) oder Mercosur (an den anere Länner) drop stoen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mercosur – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Och Lëtzebuerg muss Drock op Mercosur-Staate maachen op rtl.lu de 26. August 2019