Michel Daleiden

Vu Wikipedia
Michel Daleiden
Pseudonym Misch Da Leiden
Gebuer 1948
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler


De Michel Daleiden, mam Kënschtlernumm Misch Da Leiden, gebuer 1948 zu Lëtzebuerg, ass e Moler a Serigrafist.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

1968 hat hie seng éischt Galerie-Ausstellung an der Galerie Horn an der Stad Lëtzebuerg. 1969-1970 huet hie Monumental Molerei op der Konschtakademie "La Cambre" zu Bréissel beim Prof. Delahaut studéiert. Tëscht 1970 an 1974 huet hien op der Konschtakademie Düsseldorf studéiert, d'Ofschlossaarbecht war iwwer Polaroidbiller.

Hie krut 1969 den "Prix d'encouragement" vun der IV. Biennale des jeunes zu Esch/Uelzecht an 1971 den 2. Präis op der V. Biennale des jeunes.

1969 huet hie sech ë. a. am Marc Henri Reckinger, dem René Wiroth, dem René Kieffer an der Berthe Lutgen zu der "Arbeitsgruppe Kunst" zesummegeschloss an de Projet "Initiative 69" realiséiert. Dat Joer drop sinn eenzel Leit vun der Arbeitsgruppe getrennte Weeër gaangen an de Michel Daleiden huet zesumme mam J.Weydert, der Berthe Lutgen an dem René Kieffer de GRAP (Groupe de recherche d'art politique) gegrënnt, bei deem e bis 1976 matgeschafft huet. 1972 huet de GRAP am Kader vun der documenta V eng kritesch Broschür zum Theema Realismus publizéiert.

1975 gouf de Michel Daleiden Meeschterschüler vum Prof. Weber. Hien huet 1979 d'"Atelierhaus", zu Düsseldorf matgegrënnt an huet do e Serigraphiesatelier opgebaut. 1989 hat hien en Atelier an der Konkordiastrooss zu Düsseldorf.

Säi Wierk léisst sech an dës Perioden andeelen: 1980 huet mam Bild Betrieb II eng nei Period vun experimentelle Wierker ugefaangen. 1986 war Sportler den Ufank vun enger neier Period vu Reliefbiller, an 1994 huet mam Bild Airport säi perséinleche Stil ugefaangen. Zanter 2006 schafft de Michel Daleiden mat a verschafft a senge Biller ëmmer méi elektronescht Billermaterial.

Ausstellungen[änneren | Quelltext änneren]

Gruppenausstellungen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1982: "Aktion Kunst als Sprache" - Kellergalerie vun der Gemeng Düsseldorf
  • 1983: "Aus freien Stücken" - Halle - Düsseldorf
  • 1985: "Landesgrafikausstellung" Van-der-Heydt-Museum Wuppertal+ /"Hommage à Bertolt Brecht“ Brechthaus Augsburg+
  • 1986: "Kunstaktion Wasser" Kunstverein Jülich+: "1. Konschttriennal" Kunstverein Frechen+ / "Südafrika Solidariteitssausstellung" Düsseldorf
  • 1988: "LABORINTH - Haal" Münsterstr Düsseldorf / "Kulturbahnhof Eller" Düsseldorf / "Brücke der Freundschaft" Konschthaal Vilnius/Litauen+
  • 1989: "Das junge Rheinland - eine Friedensidee" Gemengemusee Düsseldorf+ / "Der aufrechte Gang – Zum Carl v. Ossietzky Gemengemusee Mülheim/Ruhr+
  • 1990: "Bilder der Arbeit" Tuchfabrik Trier Bundesanstalt f. Arbeitsschutz Dortmund+/ "DAMAL - Künstler arbeiten an Düsseldorf" Installatiounen an Düsseldorf+ /
  • 1991: "Raumpuls" Ballhaus Düsseldorf
  • 1992: "Perspektiven der Arbeit" Landesmuseum Mannheim, Norrköping/Schweden+
  • 1997: "Auftauchstation: Pool", Wellenbad Düsseldorf
  • 1998: "20 Joer Konschtverein" KV Jülich+
  • 2002: "Die zweite Schöpfung" Deutsches Historisches Museum Gropius Bau Berlin+
  • 2006: "HONIG IST RICHTIG", zu Kunst und Natur, Malkasten Düsseldorf
  • 2007: "BEST OF", Sammelausstellung vun den Galerieskünstlern, Gal Friedmann-Hahn Berlin
  • 2010: "Mit allen Sinnen", kleng Biller, Künstlerclub Malkasten, Düsseldorf
  • 2011: "The Darkest Corners Of The Whitest Cube", Kunsthaus Dresden, Dresden
  • 2013: "D'force vun de Suen" (Macht des Geldes),Galerie im Turm,Schwalmtal-Amern+,
  • 2021/22: "Summer of '69", Villa Vauban, zesumme mat der Berthe Lutgen

Eenzelausstellungen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1987: "Bildwuchs" Gemengemusee Düsseldorf+ / "Viierbild – Noobild" Deltagalerie Düsseldorf
  • 1989: "Entfernte Kollegen" Mahn- und Gedenkstätte Düsseldorf / "Schätzchen auf Halde" Konschtverein Hattingen
  • 1992: "Reliefbiller" Konschtverein Jülich
  • 1993: "Stück Werke" Bildungsinstitut H. Hansen, Lage-Hörste
  • 1996: "Broch Stecker" Galerie Niepel, Düsseldorf
  • 1999: "Schnelle Schnitte" Galerie Niepel, Düsseldorf
  • 2006: "Einblicke Durchblicke Ausblicke" Galerie Friedmann-Hahn, Berlin
  • 2007: "Das gute Leben? Das gute Leben!" Galerie Claudius, Hamburg
  • 2012: "Bilder, die fehlten", Galerie Friedmann-Hahn, Berlin
  • 2013: " Meng E-Molkescht", Künstlerverein Malkasten, Düsseldorf
  • 2017: "Kuck Hei", Galerie Schlassgoart, Esch/Alzette

Wierker an ëffentlechem Besëtz[änneren | Quelltext änneren]

  • Ecole Nationale Supérieure d'Architecture et des Arts Visuels, Bréissel
  • Artothek, Düsseldorf
  • Gemengemusée, Düsseldorf
  • Goethe-Gymnasium, Düsseldorf
  • Sammlung Bundesanstalt für Arbeitsschutz, Dortmund

+ mat Katalog

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]