Marc Henri Reckinger

Vu Wikipedia
Marc Henri Reckinger
Gebuer 13. August 1940
Ettelbréck
Gestuerwen 31. August 2023
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Académie royale des beaux-arts,
École nationale supérieure des beaux-arts,
Akademie der bildenden Künste Wien
Aktivitéit Sculpteur, Moler

De Marc Henri Reckinger, gebuer den 13. August 1940 zu Ettelbréck a gestuerwen den 31. August 2023[1] zu Diddeleng, war e lëtzebuergesche Konschterzéier, Moler, Zeechner a Sculpteur.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

No sengem Studium 1961-1963 op der Académie des Beaux-Arts zu Bréissel an op der Akademie der schönen Künste zu Wien gouf hie Schüler vum Roger Chastel an der Ecole nationale des Beaux-Arts zu Paräis. An där Zäit moolt hie Biller déi sech un der "École de Paris" orientéieren, enger Variant vum dominante Mainstream, dem "Abstrakten Expressionismus". Déi ganz Lëtzebuerger Konschtzeen orientéiert sech plus ou moins epigonal a provinziell un der "École de Paris"

An der zweeter Hallschent vun den 1960er duerchleeft de Marc Reckinger séier den Acquis vun der Pop Art an der Hard Edge. Biller vun där Zort konnt en an den Ausstellungen an de Konschtscheiere vun Consdorf, 1967-71, gesinn, enger deemools och kulturpolitesch interessanter a fir d'lëtzebuergesch Konschtgeschicht wichteg Initiativ vun de Kënschtler Norbert Ketter, Nico Thurm a M.H. Reckinger. Zum Schluss vun der Konsdrëffer Period lant hie politiséiert bei der Konzeptkonscht. Domat ass d'lëtzebuergesch Konscht op der Héicht vun der Zäit ukomm.

Enn der 1960er, Ufank der 1970er Joren ass de Marc Reckinger derbäi wéi sech informell eng Grupp vu verschiddene Kënschtler bilt, déi alleguer gläichermoossen an Oppositioun zur verschlofener "offizieller" Lëtzebuerger Konschtzeen stinn. En haarde Kär schielt sech eraus a praktizéiert am Kollektiv politesch Konzept-Konscht.

Enn vum Lidd beim Marc Reckinger: vun 1970-77 hält hien op mat molen, fir nëmme politesch aktiv ze sinn.

An den 1970er Jore war de Reckinger zäitweis an der trotzkistescher Ligue communiste révolutionnaire.

De Moler fänkt erëm un ze molen, an engem moleresch/gestuell/expressive Stil, natierlech politesch Theemen.

An den 1980er Joren entdeckt de Marc Reckinger de Kubismus fir sech nei a gesäit nach Méiglechkeeten. Eent vun deene leschte Biller a senger Fassong vu "Kubismus expanded" ass d'Bild "la scie" vun 1990, eng Kombinatioun vu Molerei an dräidimensionalem Assemblage.

Vun do féiert e Wee zu sengem leschte Coup: hie fabrizéiert dräidimensional Biller duerch hannerenee fräi an de Raum gehaangen Transparentfolien, déi bemoolt sinn. En typescht Wierk vun där Zort ass "Futur (sans) Papier" vun 2002.

E puer Deeg viru sengem Doud gouf bekannt, datt hien de Laureat vum 2. Lëtzebuerger Konschtpräis ass, deen am Oktober 2023 iwwerreecht gi sollt.[2][3]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (lb)RIP: Moler a Kënschtler Marc Henri Reckinger gestuerwen. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2023-08-31.
  2. "Konschtpräis 2024 geht an Marc Henri Reckinger." wort.lu, 28.08.2023.
  3. (fr)Marc Henri Reckinger, lauréat du Lëtzebuerger Konschtpräis 2024. gouvernement.lu (2023-08-28). Gekuckt de(n) 2023-09-01.