Monument 28th Infantry Division Wolz

Vu Wikipedia
Monument 28th Infantry Division Wolz
D'Monument fir déi 28. Infanterie Divisioun
Typ Monument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Wolz
Koordinaten 49°57'59,3759"N, 5°56'15,1588"O
Ageweit 4. Oktober 1975
Material Schifer
Zu Éiere vun 28. Infanterie-Divisioun

D'Monument fir d'28th Infantry Division zu Wolz erënnert un d'28th Infantry Division vun der US Army, déi zu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich op der Säit vun den Alliéierten an der Ardennenoffensiv gekämpft huet. ‪Si gouf och Bloody Bucket Division[1] genannt.

Si huet Wolz den 10. September 1944 eng éischt Kéier vun der däitscher Nazibesatzung befreit. Duerno war si déi éischt Unitéit, déi d'Siegfriedlinn bei Oochen iwwerwonnen h‬uet. Si huet sech am November awer nees op Wolz zeréckgezunn.

Do huet sech dat 110. Regiment vum Signal Corps ënner dem Generol Dan Bursk Strickler 3 Deeg laang, vum 16. bis den 19. Dezember 1944, dem däitschen Ugrëff an der Ardennenoffensiv wiere kënnen. Wéi Wolz den 20. Dezember gefall ass, hat d'110. Regiment zu a ronderëm Wolz 2.900 Gefalen ze bekloen.

D'Monument gouf de 4. Oktober 1975 ageweit. Et besteet aus engem Schifersteen, mat dem Emblème vun der 28. Infanterie Divisioun drop, dem "bluddegen Eemer", an enger Gedenkplack mat der Opschrëft:

MEMORIAL
to the 28th Infantry Division
which liberated WILTZ on sept. 10th 1944
and gallantly defended our soil
during the -Battle of the Bulge-

Net wäit ewech vum Monument steet e Monument fir un de General Eisenhower z'erënneren.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: General Eisenhower Memorial Wolz.

Quell[änneren | Quelltext änneren]

  • Informatiounstafel beim Monument: Sentier culturel, n° 16.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. „Divisioun vum bluddegen Eemer“