General Eisenhower Memorial Wolz

Vu Wikipedia
General Eisenhower Memorial Wolz
De General Eisenhower Memorial
Typ Monument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Wolz
Koordinaten 49°57'59,6646"N, 5°56'13,5532"O
Ageweit 11. November 1972
Material Steen
Zu Éiere vun Dwight D. Eisenhower
De Square Eisenhower

Den General Eisenhower Memorial zu Wolz ass e Monument zu Wolz, um Square Eisenhower, hanner dem Stadhaus, dat un de Generol vun der US Army a spéideren US-President, Dwight D. Eisenhower erënnert, dee wärend dem Zweete Weltkrich, den 8. November 1944, zu Wolz war, wou en d'Genereel Cota an Davies an hirem Haaptquartéier besicht huet.

D'Monument besteet aus zwéi Steebléck aus Éisleker Steen. Op engem dovun ass e Medaillon mat engem Relief vum Eisenhower, op deem aneren d'Opschrëft:

TO GENERAL D. EISENHOWER
HE STAYED IN WILTZ
8. 11. 1944

Et gouf duerch eng Schenkung vum Friedrich Léon Adler finanzéiert, engem vun de Proprietäre vun der Gierwerei Ideal, an den 11. November 1972 ageweit.

Net wäit ewech vum Monument steet nach e Monument fir un d'28. Infanterie Divisioun z'erënneren, déi op der Säit vun den Alliéierten an der Ardennenoffensiv gekämpft huet.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Monument 28th Infantry Division Wolz.

Quell[änneren | Quelltext änneren]

  • Informatiounstafel beim Monument: Sentier culturel, n° 14.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]