Dwight-D.-Eisenhower-Monument

Vu Wikipedia
Dwight-D.-Eisenhower-Monument
Monument zum 100. Gebuertsdag vum Dwight D. Eisenhower
Typ Monument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm
Koordinaten 49°36'48,13"N, 6°11'15,40"O
Ageweit 26. August 1990
Material Sandsteen
Zu Éiere vun Dwight D. Eisenhower

D'Dwight-D.-Eisenhower-Monument ass e Gedenksteen zu Hamm an der Stad Lëtzebuerg, deen un den Dwight D. Eisenhower, e Fënnefstäre-Generol an der US-amerikanescher Arméi a spéidere 34. US-President erënnert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Eisenhower war wärend dem Zweete Weltkrich den ieweschte Kommandant vun den alliéierten Truppen an Europa a domat signifikativ un der d'Befreiung vu Lëtzebuerg vun der Naziokkupatioun bedeelegt.

Bei Geleeënheet vum Centenaire vun der Gebuert vum Eisenhower gouf - als Erënnerung un de Generol - de 26. August 1990 d'Strooss déi vun der N2 aus bei den amerikanesche Kierfecht féiert, no him genannt (Allée Dwight-D.-Eisenhower) an et gouf och e Monument zu sengen Éieren opgeriicht.

D'Monument besteet aus engem Block Sandsteen op deem fënnef Stären an dësen Text aggravéiert ass:

DWIGHT D. EISENHOWER
1890-1969
CENTENNIAL
1990

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]