Monument aux morts Wolz

Vu Wikipedia
Monument aux morts Wolz
Typ Krichsmonument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Wolz
Plaz Nidderwolz
Koordinaten 49°58'1,92"N, 5°55'53,54"O
Ageweit 22. Oktober 1961
Kënschtler Nina Grach-Jascinsky

D'Monument aux morts zu Wolz ass e Krichsmonument, dat opgeriicht gouf, fir un déi 42 Wëlzer Jongen a Meedercher z'erënneren, déi an der Wehrmacht‬ oder am Reichsarbeitsdienst hiert Liewen hu misse loossen, an u 15 weiderer, déi vermësst blouwen.

D'Skulptur nieft dem Monument ass vun der Nina Grach-Jascinsky. Si weist e Prisonéier, deem seng Hänn um Réck gefesselt sinn. Um Monument steet:

Woltz
senge
Kanner
1940 - 1945

Et gouf den 22. Oktober 1961 a Presenz vum Ierfgroussherzog Jean vu Lëtzebuerg a senger Fra Joséphine-Charlotte ageweit.

Quell[änneren | Quelltext änneren]

  • Informatiounstafel beim Monument: Sentier culturel, n° 23.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]