Mozilla Firefox

Vu Wikipedia
  Mozilla Firefox
Entwéckler: Mozilla Foundation
Lescht Versioun: 59.0b1 (22. Januar 2018)
Betribssystem: Linux, Mac OS X, Windows
Kategorie: Webbrowser
Lizenz:
Websäit: www.mozilla.com/firefox

De Mozilla Firefox ass en Open-Source-Browser fir um Internet ze surfen. De Programm baséiert op Gecko, e Module fir d'generéiere vun enger Internetsäit, op deem och schonn den Netscape Navigator baséiert war.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 2002 hunn d'Entwéckler vu Mozilla decidéiert och eng verklengert Versioun vum Mozilla-Browser ze programméieren. Am Géigesaz zu dëser, besteet de Firefox just aus engem Browser. Sämtlech aner Funktionalitéiten, wéi integréiert e-mail Software goufen ewechgelooss.

Am Dezember 2006 ass déi zweet Versioun vun dësem Programm erauskomm. D'Versioun 3.0 ass am Juni 2008 erauskomm an d'Versioun 3.5 war am Juni 2009 fäerdeg.

Den 2te Browser-Krich[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem Microsoft mat sengem Internet Explorer sech géint den Netscape Navigator duerchsetze konnt an eng Monopolstellung ageholl huet, gouf dëse Programm praktescht net méi erneiert.

Aner Software, wéi de Mozilla oder Opera, hu lues a lues nei Saachen agefouert. Déi am meeschte bekannten Neierung ass warscheinlech tabbed browsing. Wärend dës alternativ Browseren awer keen nennenswäerte Succés haten, konnt de Firefox selwer, no verschidden Estimatiounen, bis zu 20 Prozent vum Maart anhuelen. An Europa ass de Browser weesentlech méi am Gebrauch wéi an Amerika.

Nom Succès vum Firefox, huet Microsoft reagéiert. Mat der Versioun 7, huet dem Bill Gates seng Firma déi Neierungen integréiert déi aner Browser schonn zanter laangem ubidden. En plus wierkt déi nei Versioun éischter wéi eng Kopie vum Firefox. Dës nei Versioun ass net méi op déi selwecht Manéier am Windows integréiert. Doduerch gëtt de ganze System méi sécher.

Bei Sécherheetsproblemer brauch Microsoft generell e puer Deeg fir kritesch Problemer ze behiwwen, wärend dëst bei Mozilla dacks nëmmen e puer Stonnen dauert.

Mozilla Thunderbird[änneren | Quelltext änneren]

Nom Succés vum Firefox, huet Mozilla och decidéiert en eegestännegen E-mail Client, de Thunderbird z'offréieren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Commons: Mozilla Firefox – Biller, Videoen oder Audiodateien