Munchen (Famill)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Famill Munchen ass eng prominent lëtzebuergesch Famill, där hiren Ursprong bis an d'spéit 18. Joerhonnert zeréckgeet. E puer Familljememberen hunn eng wichteg Roll an der Industrie an an der Politik gespillt, dorënner den Affekot Philippe Charles, de Jurist a Politiker Charles grad wéi den Ingenieur a Politiker Alphonse Munchen.
De „leschte vun de Munchen“ ass den 1934 gebuerene Geschäftsmann Charles Munchen[1].
Munchen, München oder Muenchen?
[änneren | Quelltext änneren]An den ale Familljendokumenter fënnt ee verschidde Schreifweisen. Am Interview 2022 seet de Charles Munchen, hie géif zu Lëtzebuerg an an den däitschsproochege Länner d'Versioun mam Treema (München) gebrauchen, an den anere Länner éischter d'Schreifweis ouni Tëppelcher (Munchen); op jidder Fall ni déi mam <e> dran (Muenchen).
Der Einfachheet halber gëtt hei duerchgängeg d'Versioun Munchen gebraucht.
Stammbam vun der Famill
[änneren | Quelltext änneren]Philippe Charles Munchen (1779–1858) | Maria Eleonora Well (1789–1862) | ||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
Charles Matthias (1806-1824) | Jeanne Madelaine Ernestine (1808-1888) | Jean-Jacques Willmar (1792-1866) | Jean Pierre Nicolas (1809-1838) | François Charles (1813-1882) | Marguerite Angélique Pescatore (1821-1868) | Marie Eleonore (1815-?) ⚭Jacques Alphonse Van Orle (1806-1866) | Barbara Petronella Wolff (1824-1845) | Mathieu Louis Alphonse (1819-1881) | Charles Jacques Marie Gustave (1821-1856) | ||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
(net bekannt) | Konstantin Bernhard von Voigts-Rhetz (1809-1877) | Eleonore (Laure) Wilhelmine (1842-?) | Caroline Thérèse (Résie) (1845-1878) | Madeleine Marguerite Angelique (Angèle) (1852-?) | Beatrix Rosalie Candide Van Orle (1838-?) | Marie Delphine Charlotte (1849-1909) | Jean-Pierre Alphonse (1850-1917) | Marie Eugénie Graf (1871-1946) | |||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
♀ ? (xxxx-xxxx) | ♂ ? (xxxx-xxxx) | Victor August Gustav (1896-1955) | Marie-Louise Maringer (xxxx-xxxx) | ||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
♀ ? (xxxx-xxxx) | ♂ ? (1939-2007) | ♀ ? (1929-2008) | Charles (*1934) | ||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
♀ ? (xxxx-xxxx) | |||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
- Den Numm „Munchen“ steet just an der éischter Këscht a gëtt duerno net widderholl;
- en anere Familljennumm wéi „Munchen“ ass fett geschriwwen;
- wann de Ruffnumm bekannt ass, ass deen ënnerstrach.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Société botanique, Notice biographique sur Louis-Alphonse Munchen, 1883, Louis Schamburger
- Mersch J.: François-Charles Munchen. Biographie nationale du pays de Luxembourg: Fascicule 02
- Reinert F., Le dernier des Munchen, Museomag, MNHA, 2022, S.10-13
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Zitat vum Charles Munchen am Interview mam François Reinert; kuckt an der "Literatur"
Quelle fir dësen Artikel: Mersch, Reinert an der Literatur, Donnéeën op wikitree.com a Familljenannoncen an der Lëtzebuerger Presse