Tejat Posterior (Stär)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) My Geminorum)

Tejat Posterior ass den Numm vum Stär μ Geminorum (My Geminorum). Den Tejat Posterior ass en onreegelméissege Verännerleche vum Typ My Cephei, deem seng visuell Magnitude tëscht +2,94 mag a +3,00 mag schwankt. Den Tejat Posterior läit op enger Distanz vu ronn 232 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech an ass e roude Ris vun der Spektralklass M0.

Den Tejat Posterior kann als ekliptiknoe Stär vum Äerdmound an (ganz rar) vu Planéite bedeckt ginn.

Koordinaten (Equinoxe J2000.0):

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie