Méizuel
D'Méizuel (oder Plural, vum lat. (numerus) pluralis „wat an der Méizuel steet“, ofgeleet vu lat. plures „hirer méi“; ofgekierzt pl), ass an der Grammaire eng Bezeechnung fir en Numerus, dee "méi wéi een" ausdréckt. De Contraire ass d'Eenzuel (oder Singular).
A verschiddene Sprooche gëtt et eege Forme fir de sougenannten Dual (= wat sech op zwou Saachen oder Persoune bezitt), Trial (dräi Deeler) oder Paukal (e puer Deeler).
Méizuel bei Artikelen
[änneren | Quelltext änneren]Méizuel vun Artikelen am Lëtzebuergeschen
[änneren | Quelltext änneren]An der Méizuel gëtt et nëmmen ee bestëmmten Artikel fir déi dräi Genren:
männlech | weiblech | sächlech |
---|---|---|
d'Camionen | d'Dieren | d'Kanner |
Méizuel bei Substantiver
[änneren | Quelltext änneren]D'Méizuel vu Substantive gëtt jee no Sprooch ënnerschiddlech gebilt.
Méizuel am Lëtzebuergeschen
[änneren | Quelltext änneren]Am Lëtzebuergesche gëtt et en ettlech Manéieren, fir d'Méizuel grammatesch auszedrécken, woubäi et keng eendeiteg oder allgemeng Reegel gëtt, watfireng Form bei watfir Wierder gebraucht gëtt.
Déi heefegst Endunge sinn:
-er
d'Bett | pl= d'Better |
den Dësch | pl = d'Dëscher |
-en
d'Fra | pl = d'Fraen |
d'Wonn | pl = d'Wonnen |
Wierder aus anere Sproochen
- Wierder déi aus dem Franséische kommen, kréien am Allgemengen d'Endung -(e)n an der Méizuel:
de Client | pl = d'Clienten |
de Waggon | pl = d'Waggonen |
d'Ficelle | pl = d'Ficellen |
- Dat selwecht gëllt fir Wierder déi aus soss Sprooche kommen:
den Toreador | pl = d'Toreadoren |
d'Paprika | pl = d'Paprikaen |
de Computer | pl = d'Computeren |
- Bei Wierder, déi aus dem Laténgeschen, dem Griicheschen, dem Italieenesche oder dem Englesche kommen, gëtt et nieft dem Drunhänke vun "-en" och d'Méiglechkeet, d'Pluralform aus deene Sproochen ze gebrauchen:
Referendumen oder Referenda, Lexikonen oder Lexika, Lemmaen oder Lemmata, Librettoen oder Libretti, Fanen oder Fans,...[1]
- Ausname vun dësen Ausname si verschidde laténgesch Wierder op "-us", bei deenen "-us" duerch "-en" ersat gëtt: Sg. Rhythmus; Pl. Rhythmen, an net *Rhythmussen.
Och Ofkierzunge kréien an der Méizuel "-en":
Asblen, GMOen, PCen,...
Méizuel vun -in
Weiblech Beruffs- oder Funktiounsbezeechnunge mat der Endung -in kréien an der Méizuel -nen bäi:
d'Léierin | pl = d'Léierinnen |
d'Presidentin | pl = d'Presidentinnen |
Verschiddener changéieren de Vokal oder Duebellaut an der Méizuel:
den Numm | pl = d'Nimm |
de Plou | pl = d'Pléi |
de Schaf | pl = d'Schief |
Aner Substantiver bleiwen onverännert:
d'Päerd | pl = d'Päerd |
de Schong | pl = d'Schong |
de Fréisser | pl = d'Fréisser |
En ettlech changéieren e Konsonant an/oder e Vokal, an/oder kréien eng Silb méi:
d'Blat | pl = d'Blieder |
d'Haus | pl = d'Haiser |
d'Maus | pl = d'Mais |
d'Glas | pl = d'Glieser |
Zu gudder Lescht gëtt et nach déi, déi en en an der Eenzuel hunn, an deen an der Méizuel verléieren:
den Deputéierten pl = d'Deputéiert.
An natierlech gëllt och bei de Pluralformen d'Eifeler Reegel, dat heescht, datt den "-n", jee nodeem mat wat dat nächst Wuert ufänkt, ewechfält:
d'Toreadoren an der Arena Mee: d'Toreadore beim Patt d'Paprikaen op der Zalot Mee: d'Paprikae sinn zeideg d'Computeren ënner dem Schreifdësch Mee: d'Computere goufen ausgeliwwert
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Dobäi kënnt et alt zu Duebelmarkéierungen, wann ee sech der Méizuel net bewosst ass, wéi z. B. bei *Spaghettien, *Maccaronien, asw.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Nübling,Damaris (2006): "Zur Entstehung und Struktur ungebändigter Allomorphie: Pluralbildungsverfahren im Luxemburgischen." In: Claudine Moulin, Damaris Nübling (Hgg.): Perspektiven einer linguistischen Luxemburgistik: Studien zu Diachronie und Synchronie. Heidelberg: Universitätsverlag Winter. ISBN 3-8253-5156-4, S. 107-125.