NGC 1788

Vu Wikipedia
NGC 1788 - Fliedermausniwwel
De Reflexiounsniwwel NGC 1788 opgeholl vun der ESO.
Stärebild Orion (Ori)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 05h 06m 54s
Deklinatioun - 03° 20' 30"[1]
Ausgesinn
Visuell Magnitude
(B-Band)
5,8[1] mag
Wénkelduerchmiesser 5' × 3'[2]
Geschicht
Entdecker F. W. Herschel
Entdeckungsdatum 1. Februar 1786
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
GC 1005
h 347
H 5.32
NGC 1788

Den NGC 1788 oder Fliedermausniwwel, well seng Struktur e bëssi un eng Fliedermaus erënnert, ass e Reflexiounsniwwel am Stärebild Orion.

Den NGC 1788 gëtt vun de masseräiche Stären an der Orion-Regioun däitlech beaflosst. De Stärewand vun dëse Stären huet dem Niwwel seng Form ginn, an huet hien zu Stäregebuerten ugereegt an huet och de Waasserstoffgas un d'Liichte bruecht (am Bild déi roudelzeg Sträif op der lénkser Bildhallschent).

Déi meescht Stären, déi am Niwwel sinn, si vu Stëbs verdeckt. Eng vun de wéinegen Ausnamen ass den HD 293815. D'Stäre vun dëser Regioun si mat engem duerchschnëttlechen Alter vun enger Millioun Joer ganz jonk.

Den Niwwel gouf den 1. Februar 1786 vum däitsch-britteschen Astronom Friedrich Wilhelm Herschel entdeckt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: NGC 1788 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 SIMBAD-Datenbank
  2. Students for the Exploration and Development of Space