NGC 2359
Ausgesinn
|
Foto mat engem 80cm-Teleskop | |
| Stärebild |
Canis Major (CMa) |
|---|---|
| Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |
| Rektaszensioun | 07h 18m5 |
| Deklinatioun | - 13° 13' 8" |
| Ausgesinn | |
| Hubble-Sequenz | WN |
| Visuell Magnitude | +11,45 mag mag |
| Wénkelduerchmiesser | 10,0' × 5,0' |
| Physikalesch Donnéeën | |
| Gehéiert zu | Mëllechstrooss |
| Distanz (Lj) | zirka 15000 |
| Geschicht | |
| Entdecker | Wilhelm Herschel |
| Entdeckungsdatum | 1785 |
| Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |
| GC | 1511 |
| h | 3075 |
| NGC | 2359 |
| Gum | 4 |
| RCW | 5 |
| Sh | -298 |
Den NGC 2359, och bekannt als Intenniwwel an Helm vum Thor, ass e Wolf-Rayet-Rankniwwel (eng speziell Aart vun Emissiounsniwwel am Stärebild Canis Major (Groussen Hond). Den NGC 2359 huet eng visuell Magnitude vu +11,45 mag an eng Wénkelausdeenung vun 10.0' × 5.0'. Dësen Emissiounsniwwel gëtt am Géigesaz zu de meeschten aneren net duerch O-Stäre (wéi z. B. den Orionniwwel) oder wäiss Zwergen (wéi d'Planetaresch Niwwel) zum Liichten ugereegt, mä duerch e Wolf-Rayet-Stär. D'Material staamt méiglecherweis och vum zentralen Wolf-Rayet Stär, dat hie bei enger fréierer Explosioun verluer huet.
Den nordwestlechen Ausleefer vum NGC 2359 ass als IC 468 katalogiséiert; beim Objet NGC 2361 handelt et sech ëm e Knuet am NGC 2359.