NGC 6946
Ausgesinn
| Date vum NGC 6946 | |
|---|---|
| Stärebild | Cepheus (Cep)
|
| Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
| Rektaszensioun | 20h 34m 52s |
| Deklinatioun | +60° 09' 12" |
| Ausgesinn | |
| Hubble-Typ | SBc |
| Visuell Magnitude | +9,0 m |
| Wénkelduerchmiesser | 11,5' × 9,8' |
| Flächenhellegkeet | 14,0 mag/arcmin2 |
| Physikalesch Daten | |
| Gehéiert zu der | NGC 6946 Grupp |
| Distanz | ongeféier 10 Millioune Liichtjoer |
| Routverrécklung | +0,00016 ± 0,00001 |
| Heliozentresch radial relativ Vitess | +48 ± 2 km/s |
| Absolut Hellegkeet | |
| Absolutten Duerchmiesser | |
| Mass | |
| Katalogbezeechnungen | |
| NGC 6946, UGC 11597, PGC 65001, MCG +10-29-006, Arp 29, IRAS 20338+5958, h 2084, GC 4594 | |
Den NGC 6946 ass eng Spiralgalaxie am Stärebild Cepheus op der Grenz zum Stärebild Cygnus. Den NGC 6946 huet eng Wénkelausdeenung vun 11,5' × 9,8' an eng visuell Magnitude vu +9,0 mag. D'Galaxie läit mat enger Distanz vun nëmmen zéng Millioune Liichtjoer relativ no bei der Lokaler Grupp a féiert d'Statistik vun de Supernova-Heefegkeeten an de leschten 100 Joer mat enger Zuel vun 8 un. D'Galaxie läit no bei eisem galaktesche Plang, dofir gëtt d'Liicht, dat vum NGC 6946 bei eis kënnt, duerch Gas a Stëbs aus eiser Galaxie staark ofgedonkelt. Dat erschwéiert d'Observatioun vun där Galaxie. Et ass eng sougenannt Face-On-Galaxie.
Entdeckung
[änneren | Quelltext änneren]Den NGC 6946 gouf den 9. September 1798 vum däitsch-britteschen Astronom Friedrich Wilhelm Herschel entdeckt.
Eng aner Foto
[änneren | Quelltext änneren]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- (en) NGC 6946 bei SEDS
