NGC 7026
Ausgesinn
|
Composite-Bild mat Hëllef vun optesche Biller vum Hubble-Weltraumteleskop. | |
| Stärebild |
Cygnus (Cyg) |
|---|---|
| Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |
| Rektaszensioun | 21h 6m 18.6s |
| Deklinatioun | + 47° 51' 10" |
| Ausgesinn | |
| Wénkelduerchmiesser | 45" |
| Physikalesch Donnéeën | |
| Routverrécklung | -0,000135 |
| Radialvitess | -40,6 |
| Geschicht | |
| Entdecker | Sherburne Wesley Burnham |
| Entdeckungsdatum | 6. Juni 1873 |
| Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |
| NGC | 7026 |
| PK | 89+0.1 |
Den NGC 7026 ass e Planetareschen Niwwel am Stärebild Cygnus. Den NGC 7026 huet verschidde, bipolar Bëlzen déi beienee leien an déi vun enger rankaarteger Taille ausginn. Am Zenter sëtzt e waasserstoffaarme WC-Stär. Duerch seng Gréisst a seng Ausdehnungsvitesse geet ee vun engem Alter vum Niwwel vun ënner 1.000 Joer aus. Eng Röntgenobservatioun mam XMM-Newton weist eng héich Emissioun an de Bëlzen, déi méiglecherweis vun ongeféier enger Millioun Kelvin gliddegem Plasma an dëse Beräicher vum relativ jonken Niwwel staamt.[1]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Robert A. Gruendl et al.: XMM-NEWTON OBSERVATIONS OF THE BIPOLAR PLANETARY NEBULAE NGC 2346 AND NGC 7026, The Astrophysical Journal, 653:339-344, 2006 December 10